Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Jane Weaver - Perfect Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Loi Séparatisme

Chronik

Loi Séparatisme

Loi confrontant les principes de la République: e Gesetzesprojet, deen a Frankräich zanter Juli fir vill Kontroverse suergt. D'Gesetz versicht géint den Islamismus virzegoen.Loi confrontant les principes de la République: e Gesetzesprojet, deen a Frankräich zanter Juli fir vill Kontroverse suergt. Mam Gesetz, dat och vereinfacht Loi Séparatisme genannt gëtt, versicht Frankräich géint den Islamismus am eegene Land virzegoen. D'lescht Woch gouf an der Assemblée Nationale mat grousser Majoritéit fir d'Gesetz gestëmmt. Ob d'Loi Séparatisme wierklech eppes géint d'Radikaliséierung bréngt, bezweifelt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn an der Auslands-Chronik.

auto_stories

2 min

Charlie Hebdo, Bataclan, Nice - iwwer 200 Affer huet den islamisteschen Terrorismus a Frankräich an de leschte fënnef Joer gefuerdert. Dat ass méi, wéi a kengem anere Land an Europa.

Och wann den Islam natierlech net fir déi Attentater verantwortlech ass, muss een agesinn, dat Frankräich e Problem mam politeschen Islamismus huet: E Problem, deen d'Regierung versicht mat der Loi Séparatisme ze bekämpfen.

Et handelt sech heibäi em e juristescht Arsenal, mat deem de Staat géint Radikaliséierung virgoe kann. Konkret soll zum Beispill mam Artikel 21 d'éducation à domicile verbuede ginn, fir ze verhënneren, datt Kanner reng reliéis opgezu ginn. Oder mam Artikel 44, sollen zum Beispill Moscheeë gespaart ginn, déi géint republikanesch Wäerter verstoussen.

Frankräich scheitert u sengen Uspréch

An hei läit de Kär vum Problem: Wat sinn déi republikanesch Wäerter eigentlech? Vill Politiker referéieren hei op d'Laïzitéit vum Staat. Anerer bezeien sech op d'Grondfräiheeten. D'Resultat sinn endlos Diskussiounen, déi dat eigentlecht Thema vun der Radikaliséierung verfeelen. Léiwer gouf an der Assemblée Nationale iwwert de Port de Voile debattéiert, obwuel am Gesetzestext ni eng Aschränkung vum Kappduch virgesi war.

Frankräich scheitert dorunner, d'Radikaliséierung als gesellschaftleche Problem ze bekämpfen, ouni sech an e politeschen Debakel ze verhedderen. Dat spigelt och de Champ Lexikal vun de leschte Woche widder: Islamismus, Rassismus, Whataboutismus, Islamo-Gauchismus. Dës Diversitéit un Ismen beweist eent: den Islam gëtt zu engem Politikum, un deem d'Parteien hier Dominanz moosse kënnen.

Grouss Meenungsdivergenze bei de Parteien

Fir déi riets-extreem Partei Rassemblement Nationale ass d'Loi Séparatisme ze naiv. Dowéinst hunn hir Deputéiert sech enthalen. Déi lénks-extreem Partei France Insoumise fënnt de Gesetzesprojet islamfeindlech. Sie huet dogéint gestëmmt. D'Majoritéit vun de Kommunisten, de Sozialisten an der Riets-Konservativer Partei Les Républicains hu sech beim Vott enthalen.

347 Deputéiert hu fir d'Gesetz gestëmmt, 151 dogéint. Fir datt d'Gesetz a Kraaft trëtt, muss de Senat dem Text Enn Mäerz zoustëmmen.

Frankräich huet mat der Loi Séparatisme seng Chance verpasst, effektiv géint Radikaliséierung am eegene Land virzegoen. Amplaz gouf e politesche Battle op Käschte vun den iwwert 5 Millioune franséische Muslimen a Musliminen gefouert, ouni si an d'Debatt iwwerhaapt mat an ze bezéien.