De Josep Borrell huet Spuenie Merci gesot, wat déi 106 fréier EU-Mataarbechter empfaangen huet, ier se an aner EU-Länner verdeelt solle ginn. Hie géif hoffen, datt d'Redistributioun klappt an datt een net nees misst streiden, wien sech ëm déi Leit këmmere soll.
Eng 300 lokal EU-Mataarbechter waarden nach drop, Accès op eng Plaz an engem Fliger ze kréien. D'Aktioun gëtt vum Chef vun der EU-Delegatioun, deen nach am Afghanistan ass koordinéiert. D'EU schéckt elo véier weider Leit op d'Plaz, fir ze hëllefen d'Situatioun fir déi Leit ze deblockéieren, sou de Josep Borrell.
Sech der Situatioun zesumme stellen
D'Sécherheet vun de Leit muss Prioritéit hunn, sou d'Fuerderung vu villen Europadeputéiert an der Sitzung haut de Moien.
D'Europäesch Unioun brauch eng nei Approche fir Afghanistan, déi berécksiichtege muss, datt aner global Playeren, speziell Russland a China, de politesche Vakuum am Land ausfëlle wäerten de Präsident vun der aussepolitescher Kommissioun, esou den däitschen CDU-Politiker David McAllister.
D'EU misst sech där verännerter Situatioun geent stellen, warnt de Josep Borrell.
Dat hätt awer schonn net gutt ugefaangen. 60 Länner hunn eng Deklaratioun ënnerschriwwen, an där gefuerdert gëtt, datt jiddereen, deen Afghanistan verloosse wëll, dat och muss kënne maachen.
Zwee EU-Länner awer hunn dee Pabeier net mat ënnerschriwwen - nämlech Ungarn a Bulgarien. Elo misst ee gesinn, wéi d'EU sech an Zukunft, zum Beispill en Vue vun de Migratiounsfro verhale wäert, sou nach de Spuenier.