Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ London a Washington streide mateneen

Chronik

London a Washington streide mateneen

Eng richteg diplomatesch Kris gëtt et den Ament tëschent den Alliéierten an den USA an a Groussbritannien. London a Washington streide mateneen, nodeems de briteschen Ambassadeur den US-President Donald Trump a geheimen diplomatesche Communiquéen uerg kritiséiert hat. Elo wëllt den amerikanesche President näischt méi mam Ambassadeur ze dinn hunn.

auto_stories

2 min

De Philip Crowther ass 100,7-Korrespondent zu Washington. Foto: Archiv

Den amerikanesche President huet all Recht en auslänneschen Ambassadeur aus dem Land erauszegeheien. De Kim Darroch gouf zwar zu London designéiert, mee et ass d'Land, wou hie stationéiert ass, dat entscheet, ob hien do bleiwe kann. Zu esou engem groussen diplomateschen Eclat ass et bis elo nach net komm.

Den Donald Trump huet just op Twitter bis elo matgedeelt, datt hien net méi mam briteschen Ambassadeur wëllt schaffen. Den Ausseministère krut nach net gesot, si sollten all Kontakt stoppen. De Kim Darroch, e beléiften a respektéierten Diplomat hei zu Washington, bleift also. Mee laang kann esou eng Situatioun net weidergoen.

Nofolger vun der Theresa May kann neien Ambassadeur designéieren

Do kënnt et ganz praktesch fir den Donald Trump a fir der britescher Premierministesch hire Successeur, datt dee geschwënn misst bekannt sinn. Et wier immens logesch, wann zum Beispill de Favorit Boris Johnson en neien Ambassadeur géif annoncéieren.

Et ass kee Geheimnis, datt de Boris Johnson a seng Ënnerstëtzung fir de Brexit sech beim Trump beléift gemaach huet. Nach méi gutt ugesinn am Wäissen Haus ass de Nigel Farage, Leader vun der Brexit-Partei an e Mann, deen den US-President gär als Ambassadeur zu Washington hätt. Déi Entscheedung huet natierlech traditionell näischt mam amerikanesche President ze dinn, mee Traditiounen, déi sinn der Trump-Regierung zimlech egal.

Wie profitéiert dovunner?

De Kim Darroch, de briteschen Ambassadeur, ass net onbedéngt als Brexit-Supporter bekannt. Mee als Diplomat huet hien näischt falsch gemaach: seng Conclusiounen iwwer den Donald Trump a seng Regierung si realistesch a si genee esou, wéi de briteschen Ausseministère sech dat erwaart: et sinn éierlech Aschätzungen iwwer déi weltwäit bekannt Inkompetenz vum Wäissen Haus.

Wat net normal ass, datt esou geheim diplomatesch Kommunikatioun tëschent engem Ambassadeur a senge Cheffe public gemaach ginn. Et ass schwéier ze gesinn, wien an dëser Geschicht gewënnt, ausser vläicht e Successeur, deen dem Trump säi Point de vue zum Brexit an zur Aussepolitik vu béide Länner deelt. Do fält engem den Numm Nigel Farage nees an.

Vum Ambassadeur Darroch hu mir hei deeglaang näischt méi héieren. Seng Positioun schéngt onméiglech a seng Demissioun oder en Enn vu senger Zäit zu Washington schéngt just nach eng Saach vun der Zäit. Den Donald Trump géif sech freeën.