Kontext Verfassungsreform LSAP ass fir en eenheelteche Wahlbezierk

D'LSAP ass fir een eenheetleche Wahlbezierk, seet den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry. Hannergrond ass e Bréif vum Premier Xavier Bettel en vue vun enger Reform vum Wahlgesetz, op deen d'Parteie bis gëschter hir Positioun - ënner anerem zu de Wahlbezierker an den duebele politesche Mandater - sollte matdeelen. Déi zwee Aspekter sinn an der Verfassung verankert a sollen och an der geplangter Verfassungsreform net geännert ginn.

Françoise Keller / cz

Alex Bodry
Den LSAP-Fraktiounschef ka sech och Ännerungen um Panachage-System virstellen

Et géif kee politesche Konsens ginn, fir manner vum Wahlsystem an d'Verfassung ze schreiwen an dem Wahlgesetz méi Méiglechkeeten ze ginn, esou den Alex Bodry. D'Diskussioun ronderëm d'Wahlgesetz wier senger Meenung no trotzdem keng pro-Forma Diskussioun.

Bis elo hätt kee sech getraut, dat "Tabu-Thema" oppen unzeschwätzen, sou den LSAP-Fraktiounspresident.

"Jiddwer Wahlsystem ass och gebueren aus der nationaler Geschicht an de Besonneschkeeten, déi sech national erginn. Dat ass och beim Lëtzebuerger Wahlsystem de Fall. Mee mir wëssen awer och, datt e seng Ongereimtheeten huet. Datt en net perfekt ass. An dofir soll een un engem bessere Wahlsystem weider schaffen."

LSAP ka sech Ännerungen um Panachage-System virstellen

Et wier wichteg, datt Lëtzebuerg duerch d'Verfassung eng gewëss Stabilitéit a sengem Wahlsystem huet, esou nach den Alex Bodry. Et wier "eng Katastroph", wann dee System bei all neier politescher Majoritéit erëm kéint änneren, sou den Alex Bodry.

Et kéint een net einfach den aktuelle Wahlsystem op en eenzege Wahlbezierk transposéieren an deem een da 60 Stëmmen zegutt hätt, sou den Alex Bodry. De selwechte Moment misst een, dem LSAP-Fraktiounspresident no, och driwwer nodenken, ob een de System vum Panachage "an Zukunft op nëmme méi zwou oder maximal dräi Lëschten" sollt limitéieren.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

constitution 1868.jpg Dossier
1868-2018

D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Daniela Moraru
Politesch Bedeelegung

Iergendwann misst de Moment kommen, wou ee sech do politesch interesséiert, wou ee schafft, seng Steiere bezilt a seng Kanner an d'Schoul ginn. Dat seet déi nei Presidentin vun CSV International, d'Daniela Moraru.

constitution 1868.jpg
Nei Verfassung

De Rapport zur neier Verfassung gouf ugeholl. Et wëll een et awer der nächster Chamber iwwerloossen, iwwer de ganzen Text ofzestëmmen. E Referendum soll eréischt no den Europawahlen 2019 stattfannen.

Claude Wiseler
Verfassungsrevisioun

D'CSV wëllt d'Prozedur fir eng nei Verfassung begleeden an ënnerstëtzen, egal ob d'Partei no de Chamberwahlen an der Majoritéit oder an der Oppositioun ass. Dat seet de Spëtzekandidat Claude Wiseler.

Simone Beissel
Verfassungsrevisioun

Et géif si wonneren, wann d'DP vum Referendum iwwer déi geplangten nei Verfassung géif ofgesinn, seet d'Simone Beissel. D'Populatioun misst minimum sechs Méint am Virfeld informéiert ginn.

Bodry-Meyers
Verfassungsreform

Déi nei Verfassung wäert fréistens Mëtt 2020 a Kraaft trieden, mengt den LSAP-Deputéierten Alex Bodry. Den Nach-CSV-Verfassungspiecher Paul-Henri Meyers ass perséinlech géint de Referendum.

Paul-Henri Meyers
Verfassungsrevisioun

De Paul-Henri Meyers geet dovun aus, datt ee sech nach virun der grousser Vakanz iwwer de Verfassungstext wäert eens ginn. Deen Text soll dann an der neier Legislatur gestëmmt ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen