Radioen

On air

De Moien  |  The Whitest Boy Alive - Fireworks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mindestloun: "LSAP deelt Cadeauen aus"

Demokratesch Partei

Mindestloun: "LSAP deelt Cadeauen aus"

Beim Mindestloun bleift d'DP bleift hirer Positioun. Eng Hausse vum Mindestloun wär fir d'demokratesch Partei kuerzfristeg kéng Prioritéit, sot de liberale Fraktiounschef Eugène Berger. Den Nicolas Schmit huet proposéiert de Mindestloun eropzesetzen. Den LSAP-Aarbechtsminister wéilt viru Chrëschtdag a virun de Wahlen Cadeauen ausdeelen, sou den Eugène Berger.

auto_stories

3 min

Eugène Berger

Et wier normal, datt et an der Regierungskoalitioun viru Wahlen ënnerschiddlech Positioune gëtt, seet den Eugène Berger. D'DP hätt ugefaangen, hire Wahlprogramm fir d'Chamberwahlen auszeschaffen. Beim Mindestloun hätten déi Liberal sech laangfristeg nach net festgeluecht. Den Ament wier eng Hausse vum Mindestloun awer kéng Prioritéit fir d'DP, sou den Eugène Berger.

Den LSAP-Aarbechtsminister Nicolas Schmit hat sech e Mëttwoch op RTL Radio derfir ausgeschwat, de Mindestloun an Tranchen a no Verhandlunge mat de Sozialpartner eropzesetzen.

Den LSAP-President Claude Hagen sot dem radio 100,7, d'Eropsetze vum Mindestloun wier kuerzfristeg deen eenzege Moyen, fir dem Aarmutsrisiko an deenen héije Liewenskäschten zu Lëtzebuerg entgéint ze wierken. D'LSAP géif do weider Drock maachen. Eng Hausse vum Mindestloun géif an der LSAP hire Programm fir d'Chamberwahle mat afléissen.

Chrëschtdagscadeau vun der LSAP

"Fir eise Wahlprogramm hu mir eis nach net festgeluecht", seet den Eugène Berger. D'DP hätt ugefaangen Aarbechtsgruppen ze schafe fir de Wahlprogramm auszeschaffen. Am Fréijoer wéilt een e virstellen. De liberale Fraktiounschef huet drop higewisen, datt dës Regierung villes gemaach hätt fir deene sozial Schwaachen an der Gesellschaft ënner d'Äerm ze gräifen.

Datt en LSAP-Minister elo eng séier Upassung vum Mindestloun fuerdert wier drop zeréck ze féieren, datt geschwë Chrëschtdag a Wahle wieren, an datt d'LSAP gär Cadeaue géif ausdeelen.

Pierre Gramegna: E kompetente Kandidat

Zu der Kandidatur vum Lëtzebuerger Finanzminister, fir President vum Euro-Grupp ze ginn, seet den Eugène Berger: De Pierre Gramegna hätt ville Kompetenze bewisen, op nationalem an op europäeschen Niveau. An hien hätt zu Lëtzebuerg ee Paradigmewiessel an der Finanz- a Steier-Transparenz ëmgesat. Dat wier positiv fir seng Chancë beim Vott, e Méindeg (4. Dezember), wou de Choix tëscht de véier Euro-Grupp-Chef Kandidate gemaach gëtt.

D'Tatsaach, datt mam Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker schonn e Lëtzebuerger op engem héijen EU-Posten ass, kéint awer géint de Pierre Gramegna spillen, sou den Eugène Berger.

Stock-Options: Circulaire eng praktesch Léisung

Déi nei Circulaire iwwert d'Stock-Options wier kee "Copy paste" vun där aler, äntwert den Eugène Berger op d'Fro, fir wat de Pierre Gramegna awer net decidéiert huet, fir deen ëmstriddene Regimm vun de Stock-Options iwwert e Gesetz nei ze reegelen. Firme kënne jo d'Salairë vu verschiddenen Employéen (cadres supérieurs) an der Form vu Stock-Options bezuelen, op deenen sinn dann däitlech manner héich besteiert ginn.

Trotz dem Konsens ënnert de Parteie wier et net méiglech, séier e neit Gesetz ze maachen, sou den Eugène Berger. Eng nei Circulaire, déi de Besteierungs-Taux vun de Stock-Options vu 17,5 op 21 Prozent eropsetzt, wier eng gutt praktesch Léisung. Et misst een elo déi detailléiert Etüd iwwert d'Stock-Options ofwaarden, an dann déi néideg Decisiounen huelen.

"Gutt Ambiance" bei der DP

Déi vill diskutéiert Demissioun vum Marc Ruppert als DP-Generalsekretär wier keen Zeeche vun engem Konflikt tëscht der Parteibasis an der Parteileedung, seet den Eugène Berger.

Et hätt vläicht "Meenungsverschiddenheeten" tëscht dem Marc Ruppert an der Partei-Presidentin Corinne Cahen ginn. Dat wier awer keen Zeeche vun enger déiwer Onzefriddenheet bei der DP-Basis.