Radioen

On air

Notturno  |  Vanishing Twin - Afternoon X

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LSAP-Gremie fir Regierungsbedeelegung

Regierungsbildung

LSAP-Gremie fir Regierungsbedeelegung

D'LSAP soll an d'Regierung goen: dat gouf gëschter am Centre Barblé zu Stroossen decidéiert. D'Parteigremien hu mat däitleche Majoritéite fir de Regierungsprogramm gestëmmt a fir déi sechs Leit, déi de Mëttwoch Mëtteg am Palais als LSAP-Ministere vereedegt wäerte ginn. Dorënner sinn déi béid Fraen Taina Bofferding a Paulette Lenert, déi allebéid nei an d'Regierung kommen. Um ganz laangen LSAP-Kongress goufen et 20 Wuertmeldungen. Kritesch Téin koume wéi erwaart vun de Vertrieder vun de Jongsozialisten.

auto_stories

4 min

Den neie Koalitiounsaccord wier e gudde Programm fir d'LSAP a fir d'Land, sot de Parteipresident Claude Haagen a senger Ried um Kongress. Trotz hirem Verloscht vun dräi Sëtz, hätt d'LSAP vill vun hire Fuerderungen an den Accord kritt, huet den alen an neie Vize-Premier Etienne Schneider ënnerstrach.

Et wiere ganz dacks ganz hektesch Diskussioune gewiescht, mee d'LSAP hätt sech op deene Punkten duerchgesat, déi fir d'Partei wichteg waren. Op anere Punkten hätt ee Kompromisser fonnt, "mat deene mir gemengt hu kënnen ze liewen".

Den Etienne Schneider huet gëschter Owend ugekënnegt, datt déi nei Regierung den neisten Zuelen no, an Zukunft mat am Schëtt pro Joer 400 Milliounen Euro zousätzlech u Steierrecettë géif rechnen.

LSAP-Partei-Basis: Weider vill Kritik a Wonsch no Erneierung

An de Wuertmeldungen um LSAP-Kongress gouf ëmmer erëm eng personell Erneierung bei der Partei gefuerdert. Den Delegéierte Pascal Hansen huet d'Debatten aus de leschte Woche kritiséiert. "Als eenzeg Kärkompetenz schénge mir am Moment just Personaldebatten ze hunn. Wat een Aarmut."

Kritik gouf et och un de Minister-Ressorten, déi d'LSAP fir déi nächst fënnef Joer huet: et wier wichteg, déi Themen ze besetze fir déi sozial Problemer ze léisen, a sech generell thematesch méi breet opzestellen, och beim Klimaschutz, huet et geheescht. Neit Personal bei der LSAP huet och de Fabio Secci gefuerdert. "Et hunn einfach e puer Leit an dëser Partei de Verfallsdatum erreecht."

De Vertrieder vun de Jongsozialiste Georges Sold huet dorun erënnert, datt den Etienne Schneider virun de Wahle versprach hätt, scho bei engem Sëtz Verloscht an d'Oppositioun wëllen ze goen.

"Mir hunn elo dräi Sëtz verluer. Ok Etienne, du sees, dat läit un eisem Wahlsystem. Eise Wahlsystem erméiglecht et awer och, datt elo eng Regierung gebilt gëtt, déi emol net d'Hallschent vun de Stëmme kritt. D'Majoritéit ass géint Gambia. 83 Prozent si géint d'LSAP. Mir sinn op engem historeschen Déif. An trotzdeem, Etienne, waars du nach den éischten um Wahlowend, fir nees an d'Regierung ze goen. Wou ass do deng Glafwierdegkeet. Ech verstinn et net an do baussen versteet keng Sau et."

"Historesch Flicht fir an d'Regierung ze goen"

Bei der LSAP wier eng Partei-Reform néideg, esou den Delegéierten a Partei-Lénken Nando Paqualoni: hien huet sech bereet erkläert, de Programm vu Gambia 2 ze ënnerstëtzen.

"Aus menger Siicht ass et méi en Anti-CSV-DP-Vott, wéi ee Pro-Gambia-Vott. Dat wëll ech hei awer däitlech soen. Vill Leit, virun allem a gewerkschaftleche Kreesser maache sech déi selwecht Gedanken. Ech verstinn och de Frust vun de Jongsozialisten. Mat enger ganzer Rei vu Saachen, déi hei gesot gi sinn, kann ech mech och identifizéieren."

Mat de Jusoe missten Diskussioune gefouert ginn, esou sengersäits den Escher Gemenge-Conseiller Mike Hansen.

"Et ass eis historesch verdammte Flicht a Chance, fir d'Pafen eng zweete Kéier hannerteneen an d'Oppositioun ze schécken. Vu menger Säit ass dat sécher kee "Jo" fir Gambia 2, mee et ass e groussen Nee géint d'CSV."

"Net alles schwaarz molen"

Eng ganz Rei aner Stëmme gëschter Owend um LSAP-Kongress hu sech mat kloert Wieder fir de Koalitiounsaccord a fir eng weider LSAP-Regierungsbedeelegung ausgeschwat, esou zum Beispill de fréiere Minister Robert Goebbels.

"Wa mir an d'Oppositioun ginn, da gëtt mat Sécherheet de Wiseler awer Premierminister an de Luc Frieden Kommissär zu Bréissel, a se freeë sech. An den Här Bettel huet keng Problemer - well en hat dat schonn dräi Deeg virun de Wahlen op RTL gesot - fir Ausseminister ze ginn. Da kréie mer en Ausseminister dee "poli" ass an deen ni zu engem Faschist wäert "Merde alors" soen."

Vun 2013 bis 2018 hätt d'Dräier-Koalitioun net versot, esou sengersäits den alen an neien Ausseminister Jean Asselborn.

"Kee géif dat verstoen, wa mir deen historesche strategesche Feeler maachen an haut alles schwaarz molen a mengen aus dem Düstere vum Tunnel kéinte mer net nei Weeër fanne fir eis nei opzebauen."

No de ville Wuertmeldungen huet den Etienne Schneider zum Zoustand vu senger Partei gesot, datt et net hir Politik oder den Alter vun de Mandatairë wier, déi d'LSAP géif futti maachen. Schold doru wiere vill méi déi geleakten Interna an déi ëffentlech Bréiwer, "vu Leit déi sech zum groussen Deel, weder an iergendee Gremium vun der Partei wiele gelooss hunn, nach an iergendengem Aarbechtsgrupp matgeschafft hunn, nach sech soss iergendwéi an déi Partei hei abréngen. An ech soen iech Komerodinnen a Komeroden, dat ass gëtt een desastréist Bild vun eiser Partei no baussen of."

Zum Schluss huet den LSAP-Kongress gëschter Owend fir de Koalitiounsaccord gestëmmt, an de Generalrot huet fir déi sechs LSAP-Ministere votéiert.