Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "LSAP-Parteispëtzt muss Konsequenzen zéien"

Chamberwahlen 2018

"LSAP-Parteispëtzt muss Konsequenzen zéien"

Den LSAP-Parteipresident Claude Haagen an den LSAP-Generalsekretär Yves Cruchten missten aus dem Wahlechec vun de Sozialiste Konsequenzen zéien. Dat fuerdert de Sammy Wagner, den LSAP-Schäffe vu Stengefort a fréiere President vun de Jongsozialisten. D'LSAP huet mat zéng Sëtz bei de Chamberwahlen dat schlechtst Resultat an der Nokrichszäit gemaach. D'Sozialisten hunn déi lescht Europawahlen, d'Gemengewahlen an elo dës Wahle verluer, all Kéier mat der selwechter Parteispëtzt.

auto_stories

2 min

Sammy Wagner

"Ech mengen do kann een d'Rechnung ganz einfach maachen. Et muss ee kucke vu wéini un déi Leit am Amt sinn. Mir hunn e Generalsekretär deen zanter 2010 am Amt ass, zanterhier hu mir all Wahl verluer. Mir hunn e Parteipresident deen zanter 2014 am Amt ass. Mir hunn awer all Wahl verluer."

Dës Leit géifen awer maassgeeblech d'Ausriichtung vun der Partei maachen. Si wiere vläicht gutt Politiker, déi vläicht exzellent Aarbecht an der Chamber géife maachen, "mee sinn hu vläicht net déi richteg Léisunge fir dës Partei fir fir d'Zukunft ze maachen", seet de Sammy Wagner. "An do erwaarden ech mir, datt do vläicht Konsequenze kommen."

Brauch een d'Sozialisten iwwerhaapt nach?

Dës Fro misst misst ee sech intern elo stellen. "Well déi Fro ka jo kee méi vun den Alagesiessenen eis beäntwerten, déi zwar wonnerbar Scorë bei de Wahlen era fueren, mee wéi geet et mat der Partei weider", freet de Sammy Wagner? Dat wier d'Fro déi gekläert misst ginn. "Mir mussen elo den Interêt vun den eenzele Leit, hannert den Interêt général vun der Partei setzen a vum Land setzen", sou de Sammy Wagner.

D'Sozialiste misste sech och erëm fir aner Theme staark maachen. "Firwat musse mir de Wirtschaftsministère iwwerhuelen?", freet de Sammy Wagner. Gläichzäiteg fuerdert hien, datt de Famillen- an de Kulturministère zu deenen Haiser gehéiere sollten, déi d'Sozialisten an de Verhandlunge misste revendiquéieren.

Wagner: "Ganz douce rout Linnen"

D'Partei misst personell erneiert ginn, mat Fraen a Jonken. Fir d'Koalitiounsverhandlungen hunn d'Sozialisten dräi rout Linne festgehalen: Mindestloun, Index a Pensiounen. D'38-Stonne-Woch an déi sechst Congéswoch zielen net dozou.

Déi dräi rout Linne wieren esou formuléiert ginn, "Et sinn awer ganz douce rout Linnen. Ech mengen net datt dat dote vu vir eran e Problem bei deenen anere Koalitiounspartner duergestallt huet", sou de Sammy Wagner.