Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - A2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vitesslimite: D'LSAP ass fir 30 km/h an all den Uertschaften

LSAP-Kongress

Vitesslimite: D'LSAP ass fir 30 km/h an all den Uertschaften

D'LSAP wëllt an all den Uertschaften am Land eng Vitess-Limitatioun vun 30 km/h aféieren. Dat steet an de Sozialisten hirem Walprogramm fir d'Gemengewalen, den haut eestëmmeg op engem Parteikongress um Kierchbierg ugeholl gouf.

auto_stories

2 min

An dem Programm schwätzen d'Sozialisten sech och dofir aus, datt all Gemeng e spezielle "Service Logement" soll kréien, an datt d'Gemengen méi abordabel Wunnenge solle verlounen.

Mee och d'Nationalpolitik huet haut um LSAP-Kongress eng Roll gespillt. Virun allem der LSAP hir zwee Parteipresidenten hunn hir Basis de Moien mat enger Rei inhaltlechen Aussoen op d'Chamberwalen agestëmmt.

D'Francine Closener an den Dan Biancalana hunn an enger gemeinsamer Ried betount d'Steier-Erliichterungen, déi an der Tripartite decidéiert goufen, wäre virun allem der LSAP hire Merite. Dat géif weisen, datt d'LSAP ëmsetzt, wat se de Leit versprécht. An dat géif sech och net just an der Steierpolitik weisen, mee och beim Index, esou d'Francine Closener: "Well mat der LSAP gëtt den Index net ofgeschaaft, a mat der LSAP gëtt den Index och net gedeckelt."

Paulette Lenert nennt keng Mesuren

D'LSAP-Presidentin geet domat méi wäit ewéi hir Spëtzekandidatin Paulette Lenert. D'Gesondheetsministesch wollt ee gedeckelten Index a rezenten Interviewen nämlech net kategoresch ausschléissen. Och beim Thema Aarbechtszäit-Verkierzung huet d'Paulette Lenert viru Kuerzem nach erkläert si wéilt sech nach net definitiv festleeën. An och hei geet d'Parteipresidentin schon e Schrëtt méi wäit a betount d'LSAP géif hirem Zil vun enger gerechter Gesellschaft trei bleiwen, a wär dofir fir eng Aarbechtszäitverkierzung.

Den Dan Biancalana huet de Moien dann awer och eng Fuerderung ervir gehuewen iwwer déi a leschter Zäit wéineg diskutéiert gouf: D'LSAP wär dofir d'Walalter op 16 Joer erofzesetzen, esou de Co-Parteipresident: "Nëmme wann een dee Superpower vu Walrecht huet, kann ee mat decidéieren. Mir mussen op déi Jonk setzen, well si hu ganz oft, eng ganz aner, eng ganz erfrëschend Vue, déi si mat erabréngen."

Wéi der LSAP hir Spëtzekandidatin zu der Fuerderung steet ass een haut um Kongress awer net gewuer ginn. D'Paulette Lenert huet an hirer relativ kuerzer Ried den Zesummenhalt an d'Dialogbereetschaft an der Partei gelueft, mee keng konkret politesch Mesuren genannt fir déi si sech an de nächste Méint wëllt asetzen.