Reformproposen LSAP wëllt sech d'Méiglechkeet vun enger Duebelspëtzt ginn

D'LSAP wëllt an Zukunft Duebelspëtzte bei kommunalen an nationale Wale méiglech maachen. D'Parteileedung wëllt op hirem Kongress de 15. November eng deementspriechend Propos maachen. Dat huet den Yves Cruchten confirméiert.

Jacques Ganser / cbi

LSAP
Um parlamentaresche Bilan vun der LSAP huet de Parteipresident Yves Cruchten Reformpropose virgestallt. Foto: Kaori Anne Jolliffe

Den LSAP-Parteipresident huet ënnerstrach, datt et awer keng Flicht wier, fir eng Duebelspëtzt opzestellen. "Dat ass eng Kann-Bestëmmung, keng Muss-Bestëmmung."

Op dësem Parteikongress Mëtt November soll och doriwwer decidéiert ginn, ob d'Presidence vun der Partei och paritéitesch beluecht soll ginn: et sollen deemno souwuel ee Parteipresident, wéi och eng Parteipresidentin ginn.

Reform vun der Grondsteier

D'Präisspiral am Logement misst gebrach ginn an dofir géif Regierung am Moment un enger Neiberechnung vun der Grondsteier schaffen.

Dem LSAP-Präsident Yves Cruchten no géif et dobäi net drëms goen all Mënsch fiskal ze bestrofen, deen en Terrain huet:

"Et brauch keen ze fäerten, datt e vun haut op muer misst an d'Täsch gräifen, mee et ass ganz kloer, datt mat enger neier Grondsteier eis Méiglechkeete geschaaft gi fir herno kënne geziilt géint Baulandspekulanten, zum Beispill, kënne virzegoen, oder géint Retentioun um Terrain. Ech mengen, datt mer nach gutt Zäit hu bis 2023 eppes Konkretes op den Dësch ze leeën. Ech mengen och, datt dat net méi laang dauert, wéi Verschiddener mengen."

Direkt Indexéierung vum Kannergeld

D'Wäerter vun der LSAP mat Solidaritéit a Gerechtegkeet souwéi engem staarke Staat hätte sech besonnesch an der Pandemie bewisen, sou de Fraktiounspresident Georges Engel. Et géif ee sech och an Zukunft fir déi asetzen, déi am meeschten Ënnerstëtzung bräichten.

Dat géif souwuel fir d'Kannergeld gëllen, wou een eng direkt Indexéierung ënnerstëtzt, wéi och fir d'Energiepräisser, déi an der Lescht explodéiert wieren. Hie missten déi richteg Instrumenter agesat gi fir finanziell auszegläichen.

Méi zum Thema

Martine Hansen a Gilles Roth
ERNEIERUNG

Nieft der Martine Hansen steet de Gilles Roth zanter e Mëttwoch gläichberechtegt un der CSV-Fraktiounsspëtzt. Wéi koum et zur Entscheedung fir eng Duebelspëtzt a wat bedeit se fir d'Waljoer 2023?

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen