Nofolger vum Michel Wurth un der Spëtzt vun der Chambre de Commerce ass elo fir déi nächst fënnef Joer de Luc Frieden: den Affekot a President vum Verwaltungsrot vun der BIL war Ufank Mäerz e vu 25 effektive Membere vum Decisiouns-Organ vun der Chambre de Commerce ginn.
De Luc Frieden huet ugekënnegt, de President vun alle Secteure vun der Ekonomie wëllen ze sinn, déi d'Chambre de Commerce mat hiren iwwer 90.000 Memberbetriber vertrëtt.
No senger Nominatioun huet den neie President Luc Frieden de Moien de Büro vun der Chambre de Commerce zesummegestallt: de Fernand Ernster bleift Vize-President an déi zwee nei Vize-Presidente sinn d'Valérie Massin an den Alain Rix. D'Zuel vun de Vize-Presidente bei der Handelskammer huet sech vu bis elo véier op dräi reduzéiert.
Presidéiert gouf d'Assemblée bei der Handelskammer vum Wirtschaftsminister: den Etienne Schneider huet un déi gemeinsam Regierungszäit erënnert. De Luc Frieden wier emmer een Alliéierte fir d'Cause vun der Ekonomie gewiescht, esou den LSAP-Politiker iwwert de fréieren CSV-Minister.
Dem Michel Wurth seng Zäit un der Spëtzt vun der Handelskammer ass no dräi Mandater op een Enn gaangen: de Vertrieder vun ArcelorMittal war 15 Joer President vun der Chambre de Commerce.
De Choix vum Luc Frieden als President war am Virfeld kritiséiert ginn, ë.a. vum fréiere FEDIL-President Robert Dennewald.
De Luc Frieden war vun 1998 bis 2013 Minister.
De Luc Frieden:
Detailer mam Serge Kesseler: