Radioen

On air

Notturno  |  Maybel - Long Road Ahead

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden preparéiert Retour an d'Politik

Chamberwalen 2023

Luc Frieden preparéiert Retour an d'Politik

De Luc Frieden preparéiert säi Retour an d'Politik: Den CSV-Nationalrot soll haut an enger Woch iwwer d'Spëtzekandidatur vum Luc Frieden fir d'Chamberwale vum Oktober decidéieren. Déi RTL-Nouvelle krute mir vun enger gutt informéierter Source confirméiert. De Luc Frieden ass keen onbeschriwwent Blat bei de Chrëschtlech-Sozialen: Hien hat d'Politik 2014 verlooss nodeems seng Partei fir d'éischte Kéier zanter laangem an d'Oppositioun gerutscht war. Elo soll hien dee sinn, deen d'Partei zeréck an d'Regierung bréngt.

auto_stories

2 min

De Luc Frieden ass aktuell President vun der Chambre de Commerce a soll zeréck an d'Politik wëllen. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Bei de Chamberwalen am Joer 2009 hat de Luc Frieden am Zentrum en däitlech bessere perséinleche Score wéi de Claude Wiseler. 2013, déi lescht Kéier wéi hien ugetrueden ass, waren en am Zentrum nach ëmmer den Éischten, mee säi Virsprong op de Claude Wiseler war net méi sou grouss. Eng Rei Affären, iwwer déi d'CSV an de Jore virdru gefall war, haten och beim Walresultat vum Luc Frieden hier Spueren hannerlooss.

2013: Reprochë géint de Luc Frieden

Géint de Luc Frieden gouf et am Parlament e Mësstrauensvott, kuerz ier d'CSV-LSAP-Koalitioun wéinst der Srel-Affär 2013 an d'Bréch gaangen ass. Als fréiere Justizminister krut de Luc Frieden reprochéiert, d'Bommeleeër-Enquête net ënnerstëtzt ze hunn.

Eng aner Affär, an där hie vill am Mëttelpunkt stoung, war d'Cargolux-Affär: Et gouf kritiséiert, datt de Luc Frieden en Drëttel vun der Cargolux u Qatar Airways verkaaft huet, ouni datt et e strategesche Plang gi wier. D'Zesummenaarbecht mat Qatar Airways huet sech dono och als ganz schwiereg erwisen, an d'Qatari hunn d'Lëtzebuerger Airline nees verlooss.

2014: Luc Frieden verléisst d'Politik

Och mam deemolege Koalitiounspartner LSAP hat de Luc Frieden dacks Divergenzen: als Finanzminister hat de Luc Frieden am Joer 2012 e Budgetsvirschlag presentéiert, deen op Initiative vun de Fraktiounscheffe vun der Koalitioun amendéiert huet misse ginn. D'Situatioun an der Regierung war deemools och dowéinst ugespaant.

2014 huet de Luc Frieden d'Politik du verlooss well hien net wollt an der Chamber op der Oppositiounsbänk sëtzen. 2019 war hien am Gespréich fir eventuell nees mat op d'Europalëscht vun de Chrëschtlech-Sozialen.

En CSV-Mandataire sot eis deemools: Mee e Retour vum Luc Frieden an d'Politik ass schwéier, no där ganzer Vergaangenheet. Dëst Joer soll et dann awer esou wäit sinn: No zwou Legislaturen an der Oppositioun wëll d'CSV op de Luc Frieden setzen, fir zréck an d'Regierungsverantwortung ze kommen.