Radioen

On air

Notturno  |  Mount Stealth - Arkmauser

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir passen nach besser op"

Schoulentwécklung

"Mir passen nach besser op"

De SCRIPT, de Service fir Innovatioun a Recherche an der Lëtzebuerger Schoul, huet aus der Schoolleaks-Affär geléiert, seet den Direkter vum Service, Luc Weis. Prüfungsfroe ginn eréischt kuerz virum Test verdeelt.

auto_stories

4 min

De Luc Weis ass zanter 2015 Direkter vum SCRIPT

Zwee Joer nodeems Prüfungsfroe fir d'Épreuves communes am Cycle 4.2 vun der Grondschoul geleakt goufen, kréien d'Enseignanten d'Froen elo eréischt e puer Minutte virum Test ausgedeelt, seet de Luc Weis. Et ass eng vun de Missioune vum SCRIPT, déi Epreuven, déi am Kontext vun der Orientéierung ofgehal ginn, auszeschaffen an ze verdeelen.

Virdrun de Leaks am Joer 2015 wieren dës Dokumenter ëmmer un eng gewëssen Zuel Enseignante a Membere vun Orientatiounskommissioune geschéckt ginn, ouni datt "top secret" dropgestan hätt. "Firwat sollte mer dat och maachen? Mir hunn een Urvertrauen an den Enseignant, datt e seng Aarbecht richteg mécht a säi Statut respektéiert", sou de Luc Weis.

"Wéi ee Premières-Examen"

Datt déi "Donnéen" duerch "eng Rei Leit mëssbraucht" gi wieren, hätt awer "natierlech" zu Verännerungen am SCRIPT gefouert, seet de Luc Weis. "Eis Approche zu den Epreuven huet sech verännert, mir gi méi virsiichteg domat ëm, mir passen nach besser op wéi de Wee verleeft vum Sëtz vum SCRIPT zu Walfer bis an d'Schoul".

De Luc Weis bedauert awer, datt d'Epreuves communes duerch d'Affär Schoolleaks elo behandelt géife ginn "wéi wann et ee Premières-Exame wier". "Déi Epreuvë sinn amfong just ee klengen Deel vun der ganzer Orientéierungsprozedur", gëtt de SCRIPT-Direkter ze bedenken.

Jos Bertemes ass fräiwelleg gaangen

De Luc Weis ass zanter 2015 Direkter vum Script, hien ass de Nofolger vum Jos Bertemes, deen och am School-Leaks-Prozess ausgesot hat. Op d'Fro, ob de Jos Bertemes, wéinst der Affär Schoolleaks huet misste goen, sot de Luc Weis, dat wier ganz sécher net de Fall. "Den Här Bertemes huet net misste goen, den Här Bertemes huet demissionéiert zu engem Zäitpunkt, wou et him duerno war fir ze demissionéieren. Wat seng Grënn dofir waren, kann ech Iech net soen".

Eng vun den Aufgabe vum SCRIPT ass et, d'Entwécklung vun de Schoulen ze fërderen. Mat engem Gesetz, wat rezent gestëmmt gouf, ginn dofir elo eng 20 nei Poste fir sougenannten "instituteurs spécialisés" geschaf. D'Missioun vun deem speziell rekrutéierte Personal wäert et sinn, mat de Schoulen an de Lycéeën déi sougenannt "Plans de développement de l'établissement scolaire" auszeschaffen. Zil dovu soll et sinn, de Schoule bei hirer eegener Entwécklung eng "Ressource vu baussen" un d'Säit ze ginn, fir "op Aenhéicht, zesummen" déi ugeschwate Pläng auszeschaffen, ëmzesetzen an ze evaluéieren.

Evaluatioun, keng Sanktioun

Domat soll awer keng Kontrollfunktioun verbonne sinn, seet de Luc Weis. Den Terme "evaluéieren" dierft dobäi net falsch verstane ginn. "Evaluéieren heescht, ze kucken wat an de leschte Méint a Jore gutt gelaf ass, wat manner gutt gelaf ass a wéi dofir kann dofir gesuergt ginn, datt et d'nächst Kéier nach besser leeft. Evaluéieren heescht an dësem Fall net, datt iergendengem soll rapportéiert gi wat manner gutt gelaf ass, fir da Sanktiounen ze ergräifen", erkläert de SCRIPT-Direkter.

Wann ee Plang net den Erwaardunge vun den "instituteurs spécialisés" entsprécht, da gëtt ee Gespréich gesicht an och den Direkter ageschalt.

ADQS opgespléckt

Bis elo goufen d'Schoule vun der SCRIPT-interner Agence pour le développement de la qualité scolaire (ADQS) begleet fir hir Pläng auszeschaffen. D'ADQS wäert an Zukunft an zwou Divisiounen opgespléckt ginn. Eng Divisioun wäerten sech ëm d'Erhiewung vun Donnéen iwwert de Schoulsystem (zum Beispill Resultater vun den Epreuves communes) këmmeren, eng weider Divisioun wäert fir d'Schoulentwécklung zoustänneg sinn.

D'"instituteurs spécialisés" wäerte bei dëser zweeter Divisioun ugesidelt sinn, a sech ëm d'Grondschoul këmmeren. Fréier Mataarbechter vun der ADQS wäerten de Volet vun de Lycéeën iwwerhuelen, sou d'Erklärung vum Luc Weis.

Wat de Profil vun den zukënftegen "instituteurs spécialisés" ugeet, sou huet den Educatiounsministère Persoune gesicht – d'Phas vun der Ausschreiwung ass ofgeschloss – déi ee Master am Schoulmanagement gemaach hunn, kombinéiert mat op mannst zwee Joer Terrainsaarbecht. Well d'Uni Lëtzebuerg scho méi laang esou ee Master ubitt, géifen et vill potenziell Kandidaten zu Lëtzebuerg ginn, verséchert de Luc Weis.

Eng innovativ Schoul ass "oppe fir Neies"

De SCRIPT ass och zoustänneg fir d'Innovatioun an d'Schoulen ze bréngen. Den Direkter vum Service fënnt, datt eng innovativ Schoul eng ass, déi "oppen ass fir Neies, oppe fir sech selwer a Fro ze stellen an ze kucke wat se selwer am Alldag kéint verbesseren". De SCRIPT beréit, ënner anerem, d'Lycéeë bei hiren Efforten innovativ Projeten op d'Been ze stellen. Dat leeft an déi zwou Richtungen: Lycéeë froe beim SCRIPT eng Berodung un, oder de SCRIPT geet spontan op ee Lycée zou.

De Luc Weis verséchert awer op Nofro hin, datt et kaum innovatiounsresistent Gebaier géif ginn. Aktuell géifen 200 där Innovatiounsprojete lafen. "Et gëtt praktesch kee Lycée deen net mat eis wëll zesummeschaffen, si hunn all Loscht mam SCRIPT zesummenzeschaffen, well de SCRIPT och Ressourcen huet fir flott Projeten ze erméiglechen. D'Lycéeë sinn och all innovativ well an de Schoule Leit sinn, déi eppes wëlle veränneren".