Geplangte Stroumtrace Luerenzweiler a Steesel gesi Creos-Projet kritesch

D'Gemenge Steesel a Luerenzweiler verlaange vum Stroumnetzbedreiwer Creos däitlech Verbesserungen um Projet fir eng nei Héichspannungsleitung iwwer den Uelzechtdall an eng Umspannstatioun um Heeschdrefer Plateau.

Michèle Sinner / cz

Héichspannungsleitung
Foto: Bigstock / maksheb

Déi Leitung ass néideg fir méi Stroum aus Däitschland op Lëtzebuerg ze transportéieren. Dat liicht och dem Steeseler Buergermeeschter Jempi Klein an.

"Am Prinzip gesi mer d'Necessitéit, d'Utilitéit vun der Stroumzouliwwerung an. Mir als Steeseler si frou, wa mer bewunnten Territoire vun den Anlage befreit kréien. Awer net ënner egal wéi enge Konditiounen."

D'Héichspannungsleitungen iwwer Heeschdref géifen duerch de Projet verschwannen an en Umspannwierk am Duerf géif méi kleng. Mee dofir wier amplaz um Heeschdrefer Plateau en Umspannwierk op 12 Hektar Terrain geplangt. Vun do géifen d'Leitungen erof an de Dall goen, laascht d'Autobunnsbréck, bis op déi aner Säit, fir vun do aus weider op Bartreng gezunn ze ginn. Dofir wiere 50 Meter héich Masten am Uelzechtdall geplangt. De Luerenzweiler Buergermeeschter Jos Roller fënnt seng Bierger wiere schonn duerch de Bau vun der Nordstrooss ferm geschiedegt ginn. Dofir misst elo no Alternative gesicht ginn, déi d'Leit an d'Ëmwelt schounen. "Well et ka jo net sinn, datt herno de roude Milan an d'Fliedermais dem Lëtzebuerger Staat méi wäert sinn, wéi eis Leit, déi do wunnen."

Jos Roller bréngt méiglech Entschiedegungen an d'Spill

Vill Méiglechkeeten hunn d'Gemengen net fir sech ze wieren, erkläert de Jos Roller. De Staat kéint dem Projet eng Utilité publique zouspriechen a sech domat iwwer all Bedenken ewechsetzen. Am Fall wou de Projet ëmgesat géif ginn, fuerdert de Jos Roller Entschiedegungen.

Falls keen aner Tracé méiglech ass, fuerderen déi zwou Gemenge fir den Impakt fir Awunner an d'landwirtschaftlech Flächen esou kleng wéi méiglech ze halen. Dat andeems d'Umspannwierk agekapselt an esou no wéi méiglech un d'Autobunn gebaut gëtt, an d'Leitungen esou wäit wéi méiglech ënnerierdesch geluecht ginn.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Michèle Sinner
Lauschteren

Méi zum Thema

Stroumleitung
Creos zu 380 kV-Leitung

Déi geplangt nei Héichspannungsleitung duerch den Uelzechtdall op Heeschdref suergt fir Diskussiounen. Et hu sech Gemengevertrieder zu Wuert gemellt, de Mouvement écologique sot eppes dozou an den Energieminister huet e Communiqué erausgeschéckt.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen