Zéng equipéiert Ambulanzen, 44 Palette mat medezinescher Versuergung a 770 Tonnen Hëllefsgidder wieren an de lescht Méint mat Hëllef vun der Associatioun an d'Ukrain geschéckt ginn. Nieft der humanitärer Hëllef an der Ukrain selwer, këmmert LUkraine sech och em déi ukrainesche Refugiéen zu Lëtzebuerg. Esou konnten iwwer 1.000 Refugiéen zu Lëtzebuerg bei Privatleit oder a Strukturen ënnerbruecht ginn. fënnef bis zéng Prozent vun den ukrainesche Refugiéë wieren an Tëschenzäit nees zeréck an hir Heemecht gaangen, ënnert anerem wéinst der Logementsproblematik, seet d'Olena Klopota Generalsekretärin vu LUkraine.
Am Moment hätt een nach keng definitiv Léisung, mee et géif een zesumme mat der Caritas, mat der Croix Rouge a verschiddene Ministèren no Léisunge sichen, fir de Leit Logement zur Verfügung ze stellen.
LUkraine fuerdert weider eng besser Kommunikatioun
Eng Zesummenaarbecht déi sech den Ament awer als net esou einfach erausstellt, erkläert de President vu LUkraine den Nicolas Zharov eis erkläert. Et géif Kommunikatiounsprobleemer mat Ministère ginn.
"Monsieur Bettel a annoncé lors de notre premier rendez-vous, qu'il y aurait un groupe interministériel qui serait créé, mais à ce jour ce groupe n'est pas créé."
Onkloerheet ronderëm de Schutzstatus
Och wat d'Aarbechtssituatioun vu verschidden ukrainesche Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ugeet, géif et nach Onkloerheeten, sou den Nicolas Zharov. Am Moment wier zum Beispill nach net kloer, wéi et mam temporäre Schutzstatus vun den Ukrainer:innen zu Lëtzebuerg viru geet.
De Statut de Protection temporaire fir ukrainesch Refugiéë gëllt nach bis de 4 Mäerz 2023. Esou laang d'EU et net anescht decidéiert, gëtt de Statut nom véierte Mäerz, maximal fir ee Joer verlängert.