Radioen

On air

Notturno  |  Jim James - In The Moment

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lunata: En Zenter fir ze accouchéieren

Gebuerten

Lunata: En Zenter fir ze accouchéieren

Zanter engem Mount ass et hei am Land méiglech e Kand an engem Zenter ze accouchéieren, dee privat bedriwwe gëtt, an net vun engem Spidol. D'Bedreiwer argumentéiere si wiere gesetzeskonform. Mee d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert stellt d'Legalitéit vum Zenter zu Bartreng a Fro an huet d'lescht Woch eng Kontroll op der Plaz duerchféiere gelooss.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / Bigstock / inarik

D'Anne Dahm ass eng 48 Joer al Hiewan an eng vun de Matgrënnerinne vu Lunata-Zenter. Zwou Fraen hunn zu Bartreng accouchéiert, zanter den Zenter viru ronn engem Mount d'Dieren opgemaach huet. D'Demande wier relativ grouss, zielt si.

Fraen, déi am Zenter Lunata accouchéieren, géife sech eng 1:1 Betreiung fir eng natierlech Gebuert wënschen. Sechs liberal Hiewannen an eng Kinesitherapeutin schaffen am Zenter.

Eng 1:1 Betreiung

Den Haaptënnerscheed zu enger Gebuert am Spidol wier et, datt een d'Hiewannen am Virfeld kennt, zielt d'Anne Dahm. "Mir maache reegelméisseg Treffe mat de Fraen, déi sech ugemellt hunn."

Well et eng 1:1 Betreiung ass, géif een déi Hiewan, déi beim Accouchement derbäi ass, och kennen.

"Et ass sécher, datt wann Dir elo hei sidd fir ze accouchéieren, dann ass déi Hiewan fir Iech do a se muss net nach bei zwee anert rennen a sech opdeelen."

Lunata-Zenter: Zwou Hiewanne pro Gebuert

Zu Lëtzebuerg ass et erlaabt, ausserhalb vum Spidol ze accouchéieren. Zanter Februar gëtt et eng sougenannten Nomenclature, déi virgesäit, datt d'CNS eng Hiewan pro Gebuert rembourséiert.

De Lunata-Zenter schafft mat zwou Hiewanne pro Gebuert - fir d'Sécherheet ze garantéieren. De Käschtepunkt fir eng Gebuert am Lunata läit bei ronn 1.500 Euro.

Dem Gesondheetsministère no misst allerdéngs als éischt e legale Kader geschafe ginn, datt e Gebuertshaus kéint funktionéieren, esou d'Paulette Lenert d'lescht Woch an enger Froestonn an der Chamber.

Gesetzeskonform oder net?

Et ass deemno net kloer, ob d'Gebuertshëllef vum Lunata-Zenter legal oder illegal ass. Et géif net deem entspriechen, wat d'Gesetzer zu dësem Zäitpunkt virgesinn, esou d'Gesondheetsministesch.

Engersäits géif et d'Spidolsgesetz vun 2018 ginn, wou d'Gebuert de Spideeler virenthalen ass, anerersäits hätten d'Hiewannen eng speziell Attributioun, déi eng Gebuert doheem méiglech mécht.

"Wann do eppes leeft, wat net gesetzeskonform ass, da musse mir alleguer natierlech intervenéieren", esou d'Paulette Lenert.

D'Santé muss tranchéieren

An de Ministère ass an Tëschenzäit intervenéiert. D'Santésdirektioun ass sech d'lescht Woch de Lunata-Zenter ukucke komm, zielt d'Anne Dahm. Esoulaang keen Avis virläit, géif de Ministère de Fall net ëffentlech kommentéieren, heescht et op Nofro hi beim Gesondheetsministère.

Et gëtt also elo genee gekuckt, ob d'Aktivitéite vum Lunata-Zenter gesetzeskonform sinn oder net. An do kënnt et méiglecherweis op Detailer un. De Lunata-Zenter wëllt zum Beispill net Gebuertshaus genannt ginn, mee Centre de périnatalité.

Am Zenter géif et net nëmmen ëm d'Gebuerte goen, mee hei géifen d'Frae souwuel virdrun, wéi och duerno begleet ginn.

Fir d'Anne Dahm ass kloer: hiren Zenter ass gesetzeskonform. D'Attributioune vun den Hiewanne géife ganz kloer besoen, datt eng Hiewan eng normal Gebuert dierf begleeden - onofhängeg vun der Plaz, wou d'Kand op d'Welt kennt:

"D'Hiewan dierf eng physiologesch Gebuert maachen, wou de Kapp als éischte vir ass. Dat steet an hiren Attributiounen. Egal wou. Si huet dat geléiert, an dat ass an hiren Attributiounen an dat steet am Gesetz."

Gëtt et also e legale Kader oder net? De Gesondheetsministère muss dat tranchéieren.

Keng Krittäre fir Gebuerten ausserhalb vum Spidol

Onofhängeg dovu ginn et och nach keng Leitlinne fir Gebuerte baussent dem Spidol. De Lunata-Zenter schafft mat auslännesche Krittären, well et hei am Land keng ginn, seet d'Anne Dahm selwer, déi 24 Joer am Beruff ass:

"Et gëtt kee Reglement wou dra steet wat s de fir däi Gebuertshaus brauchs. Et gi keng Krittären. Mir wieren och frou, wa mir déi hätten a mir déi kéinte zesummen ausschaffen."