Radioen

On air

Espresso Beats  |  The Strokes - The Adults Are Talking

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lunghi-Prozess no enger Stonn ofgebrach

Geriicht

Lunghi-Prozess no enger Stonn ofgebrach

No nëmmen eppes méi wéi enger Stonn huet de Prozess an der sougenannter Affair Lunghi den Dënschdeg de Mëtteg missen ofgebrach ginn. Den Affekot vun der Beschëllegter Ex-Journalistin Sophie Schram huet aus gesondheetleche Grënn missen ofbriechen.

auto_stories

2 min

Hannergrond vum Prozess ass een RTL-Televisiounsinterview vun 2016, deen dofir gesuergt hat, datt de fréieren Direkter vum Mudam, den Enrico Lunghi, de fréieren RTL-Direkter, een RTL-Chefredakter an eng Journalistin hir Plaz verluer, respektiv opginn hunn. Et geet ëm d'Virwërf vun Diffamatioun a Kierperverletzung.

Medezinesch Behandlung vum Gaston Vogel

De Gaston Vogel deen déi fréier Journalistin Sophie Schram vertrëtt hat grad nach op seng gewinnt energesch Manéier virgedroen, firwat et iwwerhaapt net zu engem Prozess dierft kommen. Dunn huet den Affekot misse passen a sech medezinesch behandele loossen. Ouni dës Partie kann de Prozess awer net viru goen, doriwwer ware sech Riichter a Parquet eens. Dobäi war eent vun den Haaptargumenter vun deene véier Ugeklote Sophie Schram, Marc Thoma, Alain Berwick a Steve Schmitt grad dat, datt et onverhältnesméisseg laang gedauert hätt bis datt et zum Prozess koum.

Sechs Joer wieren e laangen Dag, sou och de Riichter, mee et wieren awer och all méiglech Recoursen ageluecht ginn. Een anere sougenannte Moyen dee virbruecht gouf si medezinesch Attester déi eigentlech vun der Chambre du Conseil als Piècen annuléiert goufen an elo awer am Dossier waren. D'Publikatioun gouf vun zwee Bicher kritiséiert an deenen de Betraffenen op der Place public de Prozess gemaach gi wier. Hei wier och géint de Secret d'instruction verstouss ginn. Heiriwwer gëtt allerdéngs momentan an engem separate Prozess verhandelt.

Den Enrico Lungi huet dann och als Partie civile en Dedommagement vu 46.000 Euro gefrot, dat fir Diffamatioun a gesondheetlech Konsequenze souwéi finanziell Perten. De Riichter konnt just nach decidéieren, datt d'Formfroe mam Fong um Enn vum Prozess wäerte gekläert ginn, wéi huet missen ofgebrach ginn. Ob et de Mëttwoch de Moie weider geet hänkt dervunner of, ob de Gaston Vogel kann present sinn. Anerwäerts riskéiert de Prozess verluecht ginn.