Radioen

On air

Espresso Beats  |  The Black Keys - Beautiful People (Stay High)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxair: keng Impfflicht fir Passagéier

Aviatioun

Luxair: keng Impfflicht fir Passagéier

D'Luxair huet net wëlles, iergendwa just nach geimpfte Passagéier matzehuelen. Et wier net un de Fluggesellschaften do Virschrëften ze maachen, héchstens un de Länner, esou de Gilles Feith. Duerch d'Filtratioun an déi aner Mesuren, déi geholl goufen, wier d'Fléie scho méi sécher ginn.



auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


De Gilles Feith mengt net, datt d'Leit fir den Trajet geimpft misste ginn, mee "wa se op der Destinatioun sinn a wann déi verschidde Länner do Reegelen huelen, da wäert d'Luxair eng vun deenen Airline sinn, déi dat rigouréis kontrolléieren."

Ee schwéiert Joer fir d'Luxair

D'Luxair kuckt op e katastrophaalt Joer zeréck an op en Exercice 2021 no vir, dee voller Ongewëssheete stécht. De finanzielle Verloscht wäert sech 2020 op ronn 150 Milliounen Euro belafen, et soll awer keen entlooss ginn.

D'Passagéierzuele louche gutt 60 Prozent ënner deene vun 2019. Fir duerch d'Kris ze kommen, gouf eng Restrukturatioun néideg. Si féiert dozou, datt an den nächsten dräi Joer 350 Aarbechtsplaze bei der Luxair verschwannen, et soll awer kee Mataarbechter entlooss ginn

Déi sozial Komponent ass dem neie Luxair-Generaldirekter besonnesch wichteg: de Gilles Feith, deem am Juni d'Nofolleg vum Adrien Ney iwwerholl huet, zielt drop, datt d'Passagéier sech no der Kris dorun erënneren. Woubäi een haut nach net weess, wéini dat ass, "no der Kris". A wéi d'Zukunft iwwerhaapt ausgesäit.

Onkloerheete fir vill Destinatiounen

Fir d'Vakanzesaison 2021 ass d'Luxair relativ optimistesch: si schléisst net aus, datt do 3/4 vun engem normale Joer kéinten erreecht ginn. Vill méi ongewëss sinn d'Perspektive bei de Business-Reesen. Besonnesch op den Destinatiounen, déi just en Tëschestopp si fir weider ze fléien:

"Haut sinn déi klassesch Linne wéi Charles de Gaulle oder och München déi, déi wesentlech méi schlecht gi wéi z. B. nei Linne wéi Stockholm. Stockholm ass eng vun den éischte Linnen, déi elo am Dezember positiv war. Do waren awer eng ganz Rei vu Leit, déi dohinner wollte fléien."

A wéi wa Corona net scho fir genuch Ongewëssheete géif suergen, ass dem Gilles Feith och nach net ganz kloer, wat déi genee Implicatioune vum Brexit-Accord wäerte sinn:

"Et ass kloer, datt mer nach kënne vu Lëtzebuerg op London fléien. Dann ass awer ze kucken: kënne mer aus engem anere Land op London fléien? A virun allem: wa mer op London fléien, kënne mer vun do och z. B. op Manchester an Edinburgh fléien, wa mer do nach wëlle Passagéier mathuelen? Ass dat nach méiglech?"

Fléie gëtt méi deier

Mat anere Wierder: kënnen op britteschen Destinatiounen déi Pläng ëmgesat ginn, mat deenen de Generaldirekter d'Geschäft rentabiliséiere wëllt? Déi Fro bleift ze klären. Eng Aner ass wuel scho beäntwert: d'Fléie wäert wuel nees méi deier ginn:

"Ech sinn der Meenung, datt an den nächste Joren awer d'Passagéierzuel wäert méi kleng sinn. A wann een einfach déi selwecht Käschten op manner Leit verdeelt, dann ass et eng mathematesch Rechnung, da gëtt dat Ganzt e bësse méi deier. Dat bleift net aus. "