Rees-Restriktiounen Luxair plangt Test-Méiglechkeeten op allen Destinatiounen

De Luxair-Generaldirekter nennt déi nei Rees-Reegelungen "eng ganz iwwerluechten Decisioun", bedauert awer, datt d'Bestëmmunge just d'Aviatioun treffen. Clientë kéinten sech eventuell direkt an den Hoteller teste loossen.

Serge Kesseler

Luxair November 2020

Lauschtert d'Reaktioun vum Gilles Feith


D'Konditioun vun negative Corona-Tester fir Fluchpassagéier, déi op Lëtzebuerg reesen, wier "eng ganz iwwerluechten Decisioun, déi d'Reesen nach erméiglecht", esou d'Reaktioun vum Luxair-Generaldirekter Gilles Feith.

Vun e Freideg u bis Enn Februar musse Persounen, déi mam Fliger a Lëtzebuerg wëllen areesen, een negative PCR oder Schnelltest virweise kënnen.

D'Luxair wéilt dofir suergen, datt op allen Destinatiounen Test-Méiglechkeete fir d'Clienten organiséiert ginn: si géifen informéiert ginn, a si géifen net am Stach gelooss ginn, versprécht de Generaldirekter. Op Madeira hätt d'Luxair zum Beispill for d'Fuesvakanz Laboe fonnt, déi Tester direkt an den Hoteller maachen.

D'Kontroll vun den Test-Resultater op den Destinatioune soll beim Anchecken op de Fluchhäfe gemaach ginn. "Mir wäerte keen op de Vol loossen, dee keen negativen Test huet", esou de Gilles Feith.

"Ech si perséinlech och ganz frou, datt déi Decisioun vun der Regierung och op Antigen-Tester setzt, Schnelltester: dat ass fir mech eng vun de Léisungen, nieft engem séieren Impfen."

Wéinst den neien Areesbestëmmungen, déi vun e Freideg u gëllen, hätten d'Luxair-Clienten de Moment vill Froen, confirméiert de Gilles Feith.

"De Client soll elo ofwaarden. Mir informéieren eis Clienten a mir kucken och eis Clienten net am Stach ze loossen."

Manner zefridden ass de Gilles Feith, datt déi nei Rees-Bestëmmunge vun der Regierung just d'Aviatioun treffen.

Méi zum Thema

Findel Terminal B
Aviatioun

Am Dezember 2020 gouf et fir d'Luxair e Peak vu Last-Minute-Reservatiounen, mee alles an allem huet d'Airline am Pandemie-Joer Plomme gelooss. Zuelen, déi sech och an den Zuele vum Flughafe erëmspigelen.

Luxair November 2020
Aviatioun

D'Luxair huet net wëlles, iergendwa just nach geimpfte Passagéier matzehuelen. Et wier net un de Fluggesellschaften do Virschrëften ze maachen, héchstens un de Länner, esou de Gilles Feith.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen