Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Och Sport kucken, hëlleft der Gesondheet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxair: Robert Biever soll vermëttelen

Sozialkonflikt

Luxair: Robert Biever soll vermëttelen

De fréiere Procureur Général Robert Biever wäert am Sozialkonflikt bei der Luxair vermëttelen. Dee Virschlag vum President vum Luxair-Verwaltungsrot gouf de Mëtteg am Verwaltungsrot guttgeheescht. An de leschte Woche war de Sozialdialog tëscht der Luxair-Direktioun an de Personalvertrieder méi schlecht ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


De Luxair-Verwaltungsrot reagéiert op d'Schwieregkeete vun de Gewerkschaften a vun der Direktioun fir beieneen ze fannen: Mam Robert Biever gëtt e Mediateur agesat, deen net aus der Aviatioun, mee aus der Justiz kënnt, an de President selwer, den Giovanni Giallombardo, wäert selwer och bei de Vermëttlungsgespréicher derbäi sinn.

De Verwaltungsrot wéilt an enger konstruktiver Demarche all d'Säiten un een Dësch kréien, heescht et an engem Communiqué.

Informatioun vum Lëtzebuerger Wort stëmmt net

Weider heescht et, d'Verwaltungsrotsmemberen hätte Vertrauen an de Management an an de Generaldirekter - also och an de Gilles Feith.

Et stëmmt also net, wat d'Lëtzebuerger Wort rezent gemellt hat: d'Dageszeitung hat geschriwwen, de Gilles Feith géif d'Luxair verloosse fir Direkter vu Lux-Airport ze ginn.

Eisen Informatiounen no si bei Lux-Airport nach zwou Persounen am Rennen, an de Gilles Feith ass net drënner. D'Decisioun fir dee Poste soll geschwë falen.

Luxair huet zanter Pandemie Problemer

D'Luxair ass zanter der Covid-Pandemie an enger ganz schwiereger Situatioun. Wéi vill aner Airlinnen och huet déi national Fluggesellschaft grouss finanziell Verloschter gemaach.

D'Gewerkschafte kritiséieren, den Aarbechtsdrock wier an der Lescht staark geklommen. Doriwwer wäert de Méindeg an enger sektorieller Tripartite rieds goen.

Den zoustännege grénge Minister François Bausch wäert mat de Gewerkschaften an der Luxair zesummekommen.

De Verwaltungsrot schreift, d'Reprise bei der Luxair wier schwiereg, mee d'Situatioun um Lëtzebuerger Flughafe wier däitlech besser wéi an aneren europäesche Länner.

D'Luxair wier am Gaange sech finanziell ze erkréie mee d'Perspektive wieren nach schwiereg.