Radioen

On air

One World  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxembourg 2050: Buedemneutralitéit

Fräie Mikro

Luxembourg 2050: Buedemneutralitéit

Zu Lëtzebuerg gëtt gebaut an ofgerappt wei benzeg. Ob dat gutt oder schlecht ass, doriwwer streide sech d'Gemidder. Wéi steet et dann ëm de Buedemverbrauch zu Lëtzebuerg, freet sech d'Pascale Junker am Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

D'Pascale Junker ass Ëmwelt- a Klima-Ekonomistin. Foto: Archiv

Virun zéng Joer huet d'Europäesch Kommissioun d'Memberstaaten ofgeruff, hire Landverbrauch bis 2050 op null Hektar net erofzebréngen. Dat ass d'Politik vum ZAN - Zéro Artificialisation Nette - oder No-Net-Ackerland 2050, oder am UNO-Jargon d'Land degradation neutrality.

D'EU Zil war, am Kader vun der Ressourceneffizienz, de Buedem, Source vun eisem Iessen, Waasser, Matière première, Reservoir vun der Biodiversitéit, Närstoffer an CO2, virum Zoubauen ze schützen.

Wéi: manner Landverbrauch ob där enger Säit a Kompenséierung vum residuelle Landverbrauch duerch Entsigelung oder Depollutioun vu verbrauchte Sitten op där aner Säit. Zu der Klimaneutralitéit reit sech also d'Buedemneutralitéit bis 2050 derbäi.

De Landverbrauch ass erofgaangen

Lëtzebuerg hatt säi rezente Peak-Landverbrauch, mat en Moyenne zwee Hektar den Dag, Enn vum leschte Joerhonnert. Bedéngt war dat och duerch eenzel mega Infrastrukturprojeten: Autobunnen, Zones d'activités, Flughafenausbau.

Haut hu mer an dr Joresmoyenne e Landverbrauch vun 0,5 Hektar den Dag. Eng remarkabel Reduktioun, wann ee bedenkt, datt zanter 2010 d'Populatioun massiv an d'Luucht gaangen ass.

Nëmmen, déi spektakulär Traductioun schéngt keen esou richteg matkritt ze hunn? Et ass wouer, datt et weider no vill ausgesäit. Well sech déi al an nei bebaute Flächen optesch a quantitativ additionéieren. Well weider vill gebaut gëtt, mee anescht, méi granular an dicht, an a ronderëm den urbane Raum. Well d'onwidderrufflecht Ofrappe vun eenzegaartegen historesche Gebaier, net flächeg, mee emotional a kulturell an d'Gewiicht schléit.

Solle mer soen, domat wier et gutt? Wat wier d'Plus-value, de Buedemverbrauch nach weider ze reduzéieren?

D'Ziler vun 2010 maache Sënn

Wat 2010 als ze héichgegraff, farfelu, revolutionär konnt wierken, mécht haut Sënn, wann een d'Klima-, Biodiversitéits- oder d'Waasser-Preservatiounsziler wëllt erreechen.

Wat huet geännert? Et koumen nei Aufgabe fir de Buedem derbäi, déi 2010 nach net esou däitlech waren, oder zu Lëtzebuerg net dokumentéiert. Mir hunn erkannt, wéi wichteg de Raum an d'Land ass fir d'Dréchent oder Iwwerschwemmunge virzebeugen, duerch Waasser-Ausdeenungsraum, Flossmeanderen, Raum an Zäit ginn, fir datt d'Waasser kann asickeren an eis Waasserreserven erneieren, éischter wéi eis iwwerschwemmen.

Méi Plaz gëtt gebraucht fir de Puzzel vu Biotopen, grouss wéi Nuesschnappecher, zu engem Netz vu funktionellen, kontinentale Biodiversitéits-Korridore wuessen ze doen.

Virun allem ass d'Roll, de Stellewäert vun der Landwirtschaft als lokal Liewensmëttel-Fournisseuren an d'Luucht gaangen, och Covid-bedéngt. An engem Kontext vu sanitärer a klimabedéngter Ongewëssheet, ass et de Leit wichteg ze wëssen, hir Liewensmëttel- an Waasserversuergung ass ofgeséchert.

D'Funktioun vu Stockage, vu Reservë lokal a saisonal uleeë wäert an Zukunft méi wichteg ginn a Plaz fuerderen: Stockage vun Energie, Liewensmëttel, Medikamenter a medezineschem Material, Waasser, Ersatzstécker, Som, Produite fir Traitement vum Waasser, CO2, asw.

Plaz gëtt och gebraucht fir net-bebaubar Risikozonen auszeweisen, ufälleg fir Äerdrutsch, Flash floods, Stierm, Dréchent, Feier ...

Wei soll déi Rechnung opgoen, tëschent Buedem spueren, nei Buedemnotzungen ophuelen, a méi Leit an Aktivitéiten ophuelen? Schwiereg. Lëtzebuerg ass e mini Stéck Land, dat, anescht wéi zum Beispill Frankräich mam senger Diagonale du vide, oder skandinavesch Länner mat hirem eidelen Norden - keng fräi Plaz méi huet. Bei allem, wat ee baut, muss ee sech also froen, wat een am Plaz dofir ewechrappt, well wann net, geet de Landverbrauch erop.

D'Roll vu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg huet eng Kaart ze spillen, wann et ëm Rehabilitatioun vu verknaschtem Industriebuedem geet. Mir hu vill Friches industrielles, déi rehabilitéiert a produktiv gemaach kënne ginn, schliisslech ware mer eng grouss Stolnatioun.

Lëtzebuerg huet och eng Kaart an der Groussregioun ze spillen, déi och esou Terrainen an Assainissements-Erfarung huet, awer net onbedéngt d'Finanzen dofir. An der Groussregioun kann d'Waasserreserven-Opfëlle grenziwwerschreidend geséchert ginn, oder grouss elementar Infrastrukturen zesummegeluecht ginn.

Well Lëtzebuerg an Europa dat fragmentéiertst Land ass, an dat mat der héchster Akafs- oder Wunnfläch pro Kap, hu mer och Potenzial, fir op nei Shoppingzenteren, Autoswelten, Risenhaiser a Stroossen ze verzichten, Parkingen ze des-impermeabiliséieren oder déi zousätzlech Bus- a Vëlospisten op bestoend Stroossen ze verleeën, anstatt neier ze bauen. Beispill Tram.

"Buedemneutralitéit" mécht also Sënn fir Lëtzebuerg. Wéi mer mat eisem Buedem ëmginn, ass e Spigelbild vun eise Valeuren an eisem sozialen a wirtschaftleche Selbstverständnis. Et geet also drëm de Raum an de Buedem als limitéiert, net-erneierbar Ressource wouerzehuelen an hinnen en anere Stellewäert ze ginn.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.