Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Swamp Dogg - Count The Days Feat. Jenny Lewis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxembourg in transition: Let's do it!

Fräie Mikro

Luxembourg in transition: Let's do it!

Wat fir eng Strategie musse Lëtzebuerg a seng Grenzregioun am Kader vun der Klimakris entwéckelen? Am Juni 2020 gouf dofir déi international Consultatioun "Luxembourg in transition 2050" lancéiert. Mam Zil vun der Klimaneutralitéit 2050. Déi éischt Resultater goufe virun zéng Deeg presentéiert. Dozou e Fräie Mikro vum Denis Scuto, Historiker a Vizedirekter vum Centre for Centemporary and Digital History (C2DH).

auto_stories

4 min

Den Denis Scuto ass Historiker a Vizedirekter vum Centre for Centemporary and Digital History (C2DH). Foto: Archiv

D'lescht Joer huet dem John Lennon säi Lidd "Imagine" 50 Joer gefeiert. D'Lidd an seng Utopie vun enger bridderlecher Welt, vu Fridden, vu Gerechtegkeet léisst eis schonns 50 Joer laang dreemen.

An awer huet eppes grad d'lescht Joer geännert. Mat der Klima-Kris, déi sech zouspëtzt, kritt "Imagine" eng aner Bedeitung. Et geet net méi drëm, eis eng aner Gesellschaft virzestellen. Déi nächst zéng Joer sinn déi vun engem ganz enken Zäitfënster, wou mer mussen ufänken eng aner, eng méi respektvoll Gesellschaft opzebauen, ze realiséieren. Mat méi Respekt virum Mënsch a virun der Natur. Mir schwätzen net méi vun engem Dram, mee vun enger mënschlecher Aventure, an där mir matzen dra sinn.

Innovatioune fir e Null-Karbon-Lëtzebuerg

Ech sinn immens frou, datt ech d'Chance hat, d'lescht annerhalleft Joer als Historiker un e puer Puzzelstécker vun dëser Aventure matzeschaffen. An zwar déi grouss Consultatioun en vue vun engem karbonfräie Lëtzebuerg, Lëtzebuerg Null Karbon, am Joer 2050, am Kader vum neie Programme directeur d'aménagement du territoire. Och "Luxembourg in transition" genannt.

Well Landesplanung an Zäite vu Klima-Kris nei Weeër muss goen, hunn de Minister Claude Turmes a seng Mataarbechter a Mataarbechterinnen aus dem Landesplanungs- an Energieministère decidéiert eng innovativ a kollaborativ Approche ze wielen.

Si hunn éischtens iwwer zéng national an international Ekippe gebiede konkret Projeten ze entwéckelen, wéi Lëtzebuerg an seng Grenzregioun mussen änneren a punkto Landesplanung, Mobilitéit, Energie, Urbanismus, Wunnen, Wirtschaft, Biodiversitéit a Waasser, Agrikultur asw.

Pluridisziplinär Ekippe mat Architekten, Urbanisten, Paysagisten, Ëmweltwëssenschaftler, Ingenieuren, Soziologen, Philosophen, Geografen, Kënschtler. Si hunn e Biergerkommitee vun Ufank u mat an d'Boot geholl an den Austausch tëschent wëssenschaftlechem Kommitee, Vertrieder aus der Zivilgesellschaft an aus der Ekonomie souwéi Beamten aus den anere Ministèren organiséiert.

Eng Aarbecht, déi sech ka weise loossen

No annerhallwem Joer Aarbecht hunn d'Ekippen net Dreem presentéiert, mee duerchduechten Zenarien. D'Uni Lëtzebuerg huet gewisen, wéi een an den nächsten 10-15 Joer en Non-Lieu, d'Zone commerciale vu Féiz, wuertwiertlech reparéiert an doraus e gemëschten Handels-, Wunn- a Produktiounsquartier mécht, deen direkt un de schnellen Tram ugebonnen ass a renaturéiert gëtt.

D'Hollänner vun MVRVD hu gewisen, wéi een d'Zersiidlung op der Achs Lëtzebuerg-Arel stoppt an aus Stengefort eng convivial Ökostad mécht duerch eng aner Gestioun vu Waasser, vun der Landschaft a vun der Mobilitéit. Si hunn Esch-Sauer an Eschduerf mat originellen Iddien touristesch geboostert, andeems si Bësch, Buedem, Waasser a Wand anescht notzen.

D'Fransouse vun AREP huelen d'Hale vun der Provençale aus hirer Isolatioun an Deconnectioun vu Leideleng a Gaasperech eraus, andeems si ronderëm en Zentrum vu Geméisproduktioun uleeën an iwwer Foussgänger- a Vëlosweeër zougänglech maachen.

De Lëtzebuerger Büro 2001 erlaabt mam Konzept vun den "Transferable Development Rights" enger Uertschaft wéi Bettenduerf oder engem Quartier wéi Helfent eng méi nohalteg Entwécklung. An dat sinn nëmmen e puer vun Dosende Projeten, déi entwéckelt goufen.

Klima-Kris als Chance fir nei Weeër ze goen

All d'Ekippen hu gewisen, datt d'Erausfuerderunge vun der Klima-Kris net e Problem, mee eng Chance duerstelle fir noutwendeg Prinzippien an d'Realitéit ëmzesetzen. Wéi zum Beispill: Mat Waasser-Ressource schaffen. Oder gemëschte Funktiounen op alle Niveau promouvéiere fir Buedemversigelung ze reduzéieren. Oder d'Mobilitéitshierarchien a Fro stellen. Oder eng Buedem- a Wunnengspolitik fir d'Wuel vun der Allgemengheet entwéckelen. Oder alternativ an ëmweltfrëndlech Ekonomien an Initiative boosteren.

Déi nächst Méint ginn déi Projeten dem Land presentéiert an an den neie Programme directeur vun der Landesplanung iwwerholl. Et geet net méi drëms, sech eng aner Gesellschaft virzestellen. D'Zäit, wou mer zesummen en anert Lëtzebuerg plangen a gestalten, huet längst ugefaangen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.