Radioen

On air

Resonanzen  |  Mariano Mores (arr. Werner Thomas-Mifune) - Cafetin de Buenos Aires - Mandelring Quartett

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxembourg, not the place to be

EU-PERSONAL ZU LËTZEBUERG

Luxembourg, not the place to be

Wéinst de méi héijen Liewenskäschte gëtt de Standuert Lëtzebuerg ëmmer manner attraktiv fir EU-Fonctionnairen. Hire Statut hei am Land soll awer net verännert ginn, seet en neie Rapport vun der EU-Kommissioun. Dat alarméiert Gewerkschaftler an Europadeputéiert.

auto_stories

5 min

Foto: Bigstock / bohemama

De Standuert Lëtzebuerg huet Problemer als EU-Site, dat reflektéiert sech och doran, datt eng Agence vun der Kommissioun mat Sëtz am Grand Duché, d'Chafea, virun zwee Joer opgeléist gouf.

Eng aner, déi nei HERA koum net op Lëtzebuerg an den Europäesche Parquet huet Krämpes, Leit ze rekrutéieren.

Ëmmer méi zäitlech limitéiert Kontrakter

Ëmmer méi Poste bei den EU-Institutioune ginn duerch zäitlech limitéiert Kontrakter besat. Besonnesch staark ass dee Phenomen zu Lëtzebuerg ausgepräägt, dat confirméiert den neie Rapport vun der Europäescher Kommissioun.

Et sinn ëmmer manner Leit drun interesséiert op Lëtzebuerg schaffen ze kommen, seet de Miguel Vicente-Nunez vun der Gewerkschaft vun den EU-Fonctionnairen am Grand Duché. Dat läit virun allen drun, datt d'Kafkraaft zu Lëtzebuerg ëm méi ewéi 20 Prozent ënner där vu Bréissel läit - d'Pai awer déi nämmlecht ass.

"Nous sommes dans une situation de discrimination, d'inégalité de traitement flagrante. Cet aspect est bien rappelé dans le rapport de la Commission."

Et wier een iwwerrascht doriwwer, wéi wéineg sech d'Kommissioun fir d'Situatioun zu Lëtzebuerg interesséiert.

D'Zuelen, déi de Rapport nennt, si vu 2019 a längst iwwerholl, well d'Liewenskäschten, virun allem déi vum Logement, an der Tëschenzäit weider geklomme sinn.

Gewerkschaft fuerdert ee "Coefficient Correcteur"

Vun den 11.000 EU-Fonctionnairen, déi zu Lëtzebuerg schaffen, wunnen der 4.000 net am Grand Duché, mee an der Groussregioun. Fir d'Kommissioun ass dat ee Grond, keen extrae Statut fir d'Personal zu Lëtzebuerg anzeféieren, well een da jo och Leit géif eng Ënnerstëtzung ausbezuelen, déi an der Realitéit keng méi héich Käschten hunn.

Dee Saz am Rapport hätt hien interpelléiert, seet de Miguel Vicente-Nunez. Et misst ee sech froen, firwat esou vill Leit net hei am Land wunne wëllen.

Deen eenzegen Auswee gesäit de Gewerkschaftler doran de Leit, déi ee Kontrakt zu Lëtzebuerg hunn, eng permanent Kompensatioun auszebezuelen. Där Meenung ass och d'Europadeputéiert vun deene Gréngen, Tilly Metz

"Déi eenzeg Léisung, déi gerecht ass à moyen an à long terme kann nëmme sinn, d'Aféiere vun engem Coefficient Correcteur fir Lëtzebuerg."

EU-Kommissioun proposéiert cibléiert Mesuren

D'Kommissioun awer wëllt genee dat net maachen. Dofir misst nämlech och de Statut vum EU-Beamte geännert ginn. Ee Statut, deen iwwerlieft ass, seet de Miguel Vicente-Nunez:

"La Commission se cache derrière une disposition du statut du fonctionnaire qui dit que Bruxelles égal au Luxembourg. Elle est obsolète, car elle date de 1970."

D'Kommissioun proposéiert an hirem Rapport cibléiert Mesure just fir déi Leit, déi effektiv zu Lëtzebuerg wunnen.

Eng kosmetesch Mesure, fënnt d'Tilly Metz, déi just fir Tensioune suerge wäert tëscht deenen, déi d'Ënnerstëtzung kréien, an deenen, bei deenen dat net de Fall ass.

Kritiséiert gëtt och, datt déi Mesure zäitlech limitéiert wier. Fir den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen wier eng Ënnerstëtzung just fir Leit mat Wunnsëtz zu Lëtzebuerg bei den aktuelle Logementspräisser kontraproduktiv:

"Wa mer elo d'Fonctionnairen zwéngen, datt se mussen zu Lëtzebuerg wunnen, fir déi Kompensatioun ze kréien, aggravéiere mer de Problem nach."

EU-Deputéiert: Lëtzebuerg muss politesch Drock maachen

D'Bild vum EU-Beamten, deen zu Lëtzebuerg vu ville Privileegie profitéiert ass iwwerlieft, resüméiert d'Tilly Metz,

"D'Leit, déi an den europäeschen Institutioune schaffen, verdéngen an der Moyenne manner wéi vill aner Leit zu Lëtzebuerg. Et geet hei ëm Gerechtegkeet, mee och ëm d'Attraktivitéit vum Site Lëtzebuerg."

Dovun dee Site a Fro ze stellen, en Vue vun de méi héije Käschten, déi schlussendlech vun der ganzer EU gedroe misste ginn, wëllen déi zwee Europadeputéiert awer näischt wëssen.

"Europa huet dräi europäesch Haaptstied, dat ass historesch bedéngt. Lëtzebuerg huet do een Knowhow entwéckelt, dat dierf op kee Fall verluer goen."

Fir den CSV-Politiker Christophe Hansen muss Lëtzebuerg hei all Hiewelen a Beweegung setzen an Iwwerzeegungsaarbecht leeschten.

"Dat gëllt fir de Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit a fir d'Regierung. Lëtzebuerg mécht schliisslech héich Konzessiounen, andeems zum Beispill Terraine fir d'Gebaier vun den EU-Institutioune vum Staat zur Verfügung gestallt ginn, wärend se zu Bréissel musse kaf ginn. Esou Argumenter muss Lëtzebuerg notze fir dofir ze suergen, datt déi aktuell Ongläichheet op de Leescht geholl gëtt."

Nächst Reform vum Statut steet un

Fir den Gewerkschaftler Miguel Vicente-Nunez steet fest: Et muss séier gehandelt ginn. Spéitstens bei der drëtter Reform vum Statut vun de Fonctionnairen, déi bis an engem Joer soll ausgeschafft sinn, missten Neel mat Käpp gemaach ginn.

"Si dans le cadre de cette réforme du statut, on n'introduit pas un coefficient correcteur au Luxembourg, il vaut mieux fermer la boîte."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.