Radioen

On air

Trendscheif  |  Zsela - Lily Of The Nile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxembourg too

Sexuell Belästegung

Luxembourg too

Zënter de Revelatioune vu sexuellen Iwwergrëff vum Hollywood-Produzent Harvey Weinstein hu vill Frae sech zu Wuert gemellt. Virun allem op de sozialen Netzwierker betoune si mam Hashtag #metoo, datt och si schonn op der Aarbecht belästegt goufen. Och zu Lëtzebuerg ass sexuell Belästegung op der Aarbechtsplaz een Thema. Och beim Film.

auto_stories

7 min

Luxembourg too. Dat ass den Titel vun engem Message, deen de Kënschtlerkollektiv Richtung 22 am Oktober op senger Facebook-Säit publizéiert huet. De Filmsecteur hei am Land wier vu Männer dominéiert, an och hei géif Sexismus zur Realitéit gehéieren, heescht et am Post

"Mir haten d'Gefill, dat géif nëmmen zu Hollywood am Showbusinessëmfeld geschéien. Mir wollte weisen, datt sexuell Belästegung och am klenge lëtzebuergesche Filmsecteur present ass", sou ee Member vum Kënschtlerkollektiv Richtung 22.

Eng Partie Lëtzebuergerinnen aus dem Filmsecteur kënnen och vun eegenen Erfahrungen erzielen, déi si um Filmset gemaach hunn. Dat souwuel zu Lëtzebuerg, wéi och am Ausland. Si wëllen anonym bleiwen. Hei e puer Zitater.

"Ech hat ee Virschwätzen, do war ech mat engem Mann eleng an engem Raum, an ech hu meng zwou Rolle virgeschwat. An dono ass et dann drëm gaangen, fir nach eng Impro ze maachen, wou hie gesot huet "wann s de d'Roll wëlls hunn, da muss de mir scho weisen, datt s de keng Hemmungen hues. An da kanns de dech mol ausdoen". Dee Moment - ech hunn de Pullover ausgedoen - an ech hu mech sou gedeemütegt gefillt an esou erniddregt ... Ech hunn et dunn ofgebrach an ech sinn erausgaangen."


"Ech perséinlech hunn déi meeschten Erfahrunge gesammelt, wann ech d'Kamera gemaach hunn. Datt ech zum Beispill Kommentare vu Schauspiller krut wéi "ech ka mech lo net konzentréieren, eng Fra mécht d'Kamera". Oder, ob ech dat da géif hikréien oder datt op eemol sech Leit nieft mech stellen a mir erklären, wéi ech déi Kamera ze féieren hunn. Also do sinn haaptsächlech sou Erfahrungen, déi zimlech dominant sinn."


"E Set ass einfach meeschtens nach Männer dominéiert. An ech sinn dacks déi eenzeg Fra. Ech selwer kréien dacks eng kleng Zort vu Sexismus mat. Ech mierken einfach, datt ech dacks net eescht geholl ginn a sou enger Männerclique, datt ech belächelt ginn. Well ech sou no dru sinn, hannert de Moniteuren, kréien ech och mat, wéi schwéier et ass fir Schauspillerinnen."

Et kéim awer och vir, datt déi jonk Fra matkritt, wa Männer iwwert hir Kolleginne schwätzen. Sou zum Beispill, wann eng Fra sech fir eng Zeen soll virun der Kamera ausdoen.

"Da kommen ëmmer sou Spréch wéi, 'et soll sech mol net sou ustellen' oder 'hatt ass sou verklemmt'. Ouni datt déi Schauspillerin et matkritt, also hannert sengem Réck, gëtt iwwert et gestëppelt. Dat si Saachen, déi ech dann ebe matkréien an einfach net erdroen."

Am Filmsecteur wier et allerdéngs schwéier, fir eppes géint een ze soen, well et ee klenge Secteur ass a jidderee sech kennt, heescht et vun deene betraffene Persounen. Och bäi Richtung 22 huet ee sech aus deem Grond entscheet, keng weider Detailer ze ginn. Et kéint ee sech den Zougang zum Filmsecteur domat verbauen.

Et géif am Filmsecteur och keng Ulafplaz fir Frae ginn, déi sech sexuell belästegt fillen, sou déi verschidde Filmemaacherinnen. Eng vun hinne fënnt awer, datt et eng Iddi wier, un där ee kéint schaffen.

"Also datt ee sou eppes opbaut, wou een et als éischt Entscheedung mol méi einfach huet. Datt ee seet, ech ginn dohinner, amplaz direkt bei d'Police. Well d'Police ass ëmmer direkt scho sou grouss. Ech maache lo eng Plainte géint deen. An dann huet een déi an déi Konsequenzen. Dofir wier et fir t'éischt vläicht mol gutt, wann een iergendwou higoe kéint, wou een einfach driwwer schwätze kann."

Nach ëmmer Tabu

An Däitschland huet de Bundesverband Schauspiel ee Service lancéiert, bei deem Schauspiller sech kënnen anonym mellen, an hir Geschichten erzielen. Mä och wann et fir ee Secteur sou eng Ulafplaz gëtt, schéngt et schwéier ze falen, fir sexuell Belästegung op der Aarbechtsplaz unzeschwätzen.

Beim OGBL gëtt et e Fraendepartement. Et hätt een dacks Dossiere vu Leit, déi entweder entlooss gi sinn, oder déi sech a ganz schlechte Konditioune vun hirem Employeur getrennt hätten, sou d'Zentralsekretärin vum OGBL, Nora Back. Hannert sou Schicksaler géif dacks sexuell Belästegung stiechen. "Mä dat ass dann awer net den éischte Grond, firwat d'Persoun sech bei eis gemellt huet. Et mierkt een einfach, datt et ëmmer nach ee ganz schwieregt Thema, an een Tabuthema ass."

Et ass schwiereg, fir spezifesch Donnéeën zur sexueller Belästegung op der Aarbechtsplaz ze fannen. An engem Statec-Rapport zur Sécherheet goufen 2013 eng 3.000 Persounen zu Gewalt allgemeng befrot. Dovunner soe véier Prozent, datt si sexuell Aggressiounen erlieft hunn. Zur sexueller Belästegung op der Aarbechtsplaz ginn et allerdéngs keng offiziell Chifferen, seet d'Carmen Jaffke, Presidentin vum Comité permanent à l'égalité des chances bei der CGFP.

Affer muss keng Beweiser liwweren

Ganz vill Leit géifen um Bureau harceléiert ginn. An et géif och vill Ulafplaze ginn, wéi zum Beispill de Personalbureau. Oder et kéint ee bei der Police eng Plainte maachen, seet d'Carmen Jaffke. "Mä ganz vill Leit maachen dat net. Wéinst verschiddene Grënn, wéi zum Beispill de sougenannte Victim-Blaming." Dat heescht, vill Affer hunn Angscht, duerno als schëlleg duergestallt ze ginn.

Dobäi ass et der Lëtzebuerger Rechtslag no verhältnisméisseg einfach, fir sech géingt sexuell Belästegung op der Aarbechtsplaz ze wieren. D'Affer muss keng Beweiser fir d'Belästegung liwweren, seet d'Nora Back. "Contairement zum Harcèlement moral, wou et ëmmer nach haut méi schwéier ass, nozeweisen, läit d'Charge de la preuve beim harcèlement sexuell beim Täter. Also dat heescht, dee muss beweisen, datt en et net gemaach huet, wann e wëllt dogéint virgoen."

Trotzdem kéint d'Donkelziffer zimlech héich leien, sou d'Carmen Jaffke vun der CGFP. Beim LCGB wier eng Enquête lancéiert ginn, fir méi ee präziist Bild z'etabléieren, sou d'Responsabel fir Fraen, Lynn Noé. Dës Enquête soll nach bis Enn des Joers ausgewäert ginn.

Och Männer si betraff

Sexuell Belästegung op der Aarbecht betrëfft dobäi allerdéngs net nëmme Fraen. Dat weist zum Beispill de Fall vum fréieren amerikanesche Football-Spiller Terry Crews. Op Twitter hat hie geschriwwen, datt een Hollywood-Produzent him op enger Party an de Schrëtt gegraff hätt.

Et géif international Etuden zu deem Thema ginn, seet d'Carmen Jaffke. Zéng Prozent vun de Männer géife sexuell belästegt ginn. Entweder vu Fraen oder vu Männer. "Dat huet mat deem Ofhängegkeetsverhältnis ze dinn um Büro, wou deen ee méi eng staark Positioun huet wéi deen aneren."

Dëst Ofhänkegkeetsverhältnis ass och beim Film e grousse Problem. Schauspiller a Schauspillerinne sinn op eng Roll ugewisen a maachen dowéinst entweder mat, oder soe léiwer näischt, well si soss vläicht ëm hir Zukunft musse fäerten.

"Dat ass jo dat, wat am Theater sou schwiereg ass heiansdo. Wann dann ee seet: "Ass dat dann elo sou?" oder "Sinn ech elo eng schlecht Schauspillerin, wann ech mech elo net direkt alles trauen?".An dat sinn dann do sou Grenzen, déi verwëscht ginn am Theaterberäich."

Fir déi betraffe Fraen an der Filmindustrie ass et dowéinst wichteg, datt een Dialog opgebaut gëtt. Engersäits fir datt déi Männer, déi d'Limitten net respektéieren, hiirt Verhalen a Fro stellen. Et géif dobäi awer net drëm goen, alleguer d'Männer unzekloen, mee éischter dorëm, erauszefanne wéi aner Männer sexuell Belästegung op der Aarbechtsplaz erliewen.