D'Geriicht huet den Antoine Deltour op dësem Mëttwoch zu sechs Méint Prisong mat Sursis a 1.500 Euro Geldstrof, de Raphaël Halet zu enger Geldstrof vun 1.000 Euro veruerteelt. Dem Journalist Edouard Perrin säi Fräisproch aus éischter Instanz ass confirméiert ginn.
D'Strofmooss fir déi zwee fréier PWC-Mataarbechter entsprécht deem, wat de Parquet gefuerdert huet, läit awer ënnert dem Uerteel aus éischter Instanz.
"Inkohärent Uerteel"
Den Antoine Deltour a seng Verdeedeger hu vun engem "inkohärenten Uerteel" geschwat. Engersäits wier hie wéinst dem eventuelle Verstouss géint d’Beruffsgeheimnis fräigesprach ginn, wat och ee wichtege Schrëtt wier, fir de Schutz vu Whistleblower an Europa. Anerersäits wier et eng Veruerteelung wéinst dem Klau vun Dokumenter.
Deltour an Halet wollten nach net soen, ob si dat Uerteel wëllen a Kassatioun ufechten. Fir hir Decisioun hu si elo ee Mount Zäit.