Radioen

On air

  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deltour geet a Kassatioun

LUXLEAKS

Deltour geet a Kassatioun

Am LuxLeaks-Appellsprozess gouf den Antoine Deltour zu sechs Méint Prisong mat Sursis a 1.500 Euro Geldstrof condamnéiert. Seng Verteideger schwätze vun engem inkohärenten Uerteel. Engersäits wier hie vum Virworf vum Verstouss géint d'Beruffsgeheimnis fräigesprach, anerersäits awer wéinst dem Klau vun Dokumenter veruerteelt ginn.

auto_stories

2 min

Domat géif d'Appellsgeriicht zu Lëtzebuerg unhuelen, datt eng Persoun, déi vertraulech Dokumenter hëlt, schonn an deem Moment d'Absicht hätt, se ze verëffentlechen. "Ech si mat der Decisioun net zefridden, well d'Appellsgeriicht domat en neie Critère an d'Jurisprudenz vun der Europäescher Unioun ageféiert huet", sou den Antoine Deltour am 100,7-Interview.

Hie selwer hätt kee präzise Projet gehat, wéi hien an de Besëtz vun de LuxLeaks-Dokumenter komm wier. "Mä ech hat effektiv awer d'Intentioun, en ëffentlechen Debat ze lancéieren", seet den Antoine Deltour.

Geriicht deforméiert Wourecht?

De Whistleblower geheit dem Geriicht weider vir, Elementer ze "deforméieren". "Et gëtt nach ëmmer eng grouss Zuel un Ongenauegkeeten an Elementer, déi net der Wourecht entspriechen." Dat wier och den Haaptgrond gewiescht, firwat hien a Kassatioun géif goen. Trotzdem hätt hie laang misste nodenken, ier e seng Decisioun getraff hätt.

"Ech engagéiere mech an enger Demarche, déi effektiv nach ganz laang kéint daueren", sou den Antoine Deltour. Datt hien a Kassatioun geet, kéint och de Wee bis op den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter fräimaachen.

Eng kleng Victoire

D'Uerteel vum Appellsgeriicht misst een trotzdem zum Deel als Victoire gesinn. "Et ass déi éischte Kéier, datt en nationale Riichter de Status vum Whistleblower unhëlt a mech dowéinst vun der Violatioun vum Beruffsgeheimnis fräigesprach huet. Dat ass eng Victoire", seet den Antoine Deltour am 100,7-Interview.

Interview mam Antoine Deltourplay_arrow