Schoulrentrée Lycéesreform: "Oppassen, datt d'Schoule sech net ze vill spezialiséieren"

Duerch d'Lycéesreform sollen déi eenzel Schoule méi Autonomie kréien. Den Direkter vum Lycée Aline Mayrisch warnt, dat dierft net dozou féieren, datt d'Lycéeë sech ze vill spezialiséieren.

Rick Mertens

Gaston Ternes
Gaston Ternes

D'Reform, déi virum Summer decidéiert gouf, gëtt vun e Méindeg un ëmgesat. Déi eenzel Lycéeën kréien doduerch, ënnert anerem, méi Spillraum fir nei Fächerkombinatiounen op deenen héije Klassen unzebidden. De Gaston Ternes ënnersträicht an dem Kontext, et misst ee "ganz gutt oppassen", datt d'ëffentlech-rechtlech Schoul och weiderhin d'Moyene kritt "fir allem gerecht ze ginn dat d'Gesellschaft hir ofverlaangt".

Net op "eenzel Domainer limitéieren"

Den neie System gesäit vir, datt all Schoul bis d'Rentrée 2018 en eegene Profil muss ausschaffen, e sougenannte Schoulentwécklungsplang. Dat dierft awer net heeschen, datt déi eenzel Lycéeë sech elo op "präzis Formatioune limitéieren", zum Beispill am Beräich vum "Entrepreneurship", sou den Direkter vum Lycée Aline Mayrisch. Wann ee sech mat zwielef Joer e Lycée eraussicht, wier et nämlech nach "ganz fréi" fir sech definitiv an eng bestëmmte Richtung z'orientéieren. D'Schoule missten dofir vill verschidde Kompetenzen ubidden.

De Lycée Aline Mayrisch géif och no der Reform "an der Progressioun" vun de leschte Joren virufueren, esou de Gaston Ternes. Seng Schoul hätt sech nämlech schonn e "Rahmenprogramm" ginn, wei se am Joer 2000 gegrënnt gouf. Elo géif et drëms goen "Enkpäss", déi et nach ginn, op de Leescht ze huelen. Am Classique géifen d'Schüler vun der Konschtsektioun, zum Beispill, vun elo un d'Optioun kréie méi Mathéscoursen ze beleeën wéi virdrun.

De Gaston Ternes ass zënter 17 Joer Direkter vum Lycée Aline Mayrisch um Geesseknäppchen. Am Februar 2018 geet hien a Pensioun.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

An der Form soll de Gesetzprojet iwwert d‘Lycéesreform integral iwwerschafft ginn; déi generell inhaltlech Ausriichtung bleift bestoen; esou op Nofro hin den Educatiounsminister.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen