Si hätt d'Manifestante gesinn, wéi se bei d'Chamber gaange sinn an hätt dunn direkt d'Police kontaktéiert, esou d'Lydie Polfer an enger éischter Reaktioun op d'Manifestatioun géint d'Corona-Mesuren, déi gëschter an der Stad war.
D'Manifestante wieren opgereegt gewiescht, an e puer ënner hinnen och aggressiv, esou d'Buergermeeschtesch. Fir "Handgemengel" ze evitéieren hätt een decidéiert, d'Barrièrë vum Chrëschtmaart opzemaachen. D'Forainen hunn dunn d'Budë fir "20 bis 30 Minutten" zougemaach. Fir d'Lydie Polfer, déi zu deem Moment am Cercle op der Plëss war, war de Police-Asaz hei "ganz ganz uerdentlech": d'Poliziste wieren "do, awer diskret" gewiescht an hätten esou Schlëmmeres verhënnert.
Datt d'Manifestanten dono virum dem Premier seng Dier gaange wieren, verurteelt d'Lydie Polfer. Et misst ee sech d'fundamental Fro stellen, wéi wäit ee sou Aktiounen iwwerhaapt zouléisst.
D'Manifestatioun wier iwwerdeems net ugefrot an domat och net autoriséiert gewiescht, esou d'Stater Buergermeeschtesch weider. Elo wier d'Justiz gefuerdert. Si wéilt sech iwwerdeems d'nächst Woch mat de jeeweilegen Instanzen treffen, fir d'Situatioun ze analyséieren. Et géif zwar eng "liberté de manifestation" ginn, mee Hetz géing ze wäit.