Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Someone Close

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lydie Polfer gëtt nach eng Kéier DP-Spëtzekandidatin an der Stad

Gemengewalen 2023

Lydie Polfer gëtt nach eng Kéier DP-Spëtzekandidatin an der Stad

Bei de Gemengewalen a sechs Méint gëtt d'Stater DP-Lëscht vun der aktueller Buergermeeschtesch Lydie Polfer ugefouert. Déi Decisioun ass 100,7-Informatiounen no viru Kuerzem gefall, no engem méintelaangen internen Hin an Hier.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Eisen Informatiounen no hat d'Lydie Polfer virun engem Joer an der Partei annoncéiert, net méi wëllen als Spëtzekandidatin unzetrieden. Virun e puer Wochen huet si fir e Revirement gesuergt, an entscheet datt si awer nach eng Kéier wéilt Stater Buergermeeschtesch ginn.

Kandidatur vun der Corinne Cahen onkloer

D'Pläng vun der Parteispëtzt fir déi aktuell Familljeministesch Corinne Cahen als Spëtzekandidatin ze lancéieren, sinn domat a Fro gestallt. Ob d'Corinne Cahen wéinst dem interne Revirement iwwerhaapt an der Stad kandidéiert, ass onkloer. D'Familljeministesch a fréier Präsidentin vum Stater Geschäftsverband sot eis, et wier un der Lydie Polfer, déi ganz Lëscht festzehalen.

D'Lydie Polfer wëll am Moment näischt zu de Gemengewale vum 11. Juni 2023 soen. Si géif sech nach dëst Joer äusseren, an déi ganz DP-Lëscht géif bis an de Mäerz d'nächst Joer stoen. Den nächsten Dënschdeg, 13. Dezember - een Dag nom Vott vum Stater Gemengebudget - wier effektiv eng Kommunikatioun geplangt, soe méi Sourcen.

DP-intern Muechtkämpf

100,7-Informatiounen no gëtt et en interne Muechtkampf em d'Successioun an der Stater DP. Verschidde laangjäreg DP-Politiker a Politikerinne ronderëm d'Lydie Polfer wëllen an der aktueller Constellatioun weider schaffen. Si hu géint eng Spëtzekandidatur vun der Corinne Cahen mobiliséiert. Anerer sinn der Meenung, datt et bei der Stater DP un der Zäit ass fir eng Erneierung, d'selwecht wéi op nationalem Plang, wou déi Erneierung scho méi wäit virugedriwwe gouf.

Aktuell gëtt d'Stad Lëtzebuerg vun enger DP-CSV-Koalitioun regéiert

D'Stad Lëtzebuerg ass mat ronn 130.000 Awunner bei wäitem déi gréisst Gemeng am Land. Zënter 2017 gëtt d'Stad vun enger Koalitioun geréiert tëscht der DP, mat 30 Prozent déi stäerkst Partei bei de leschte Gemengewalen, an der CSV, déi mat 25 Prozent déi zweetstäerkst Partei virun déi gréng (19 Prozent) gi war.


Update 09h41: No der Publikatioun vun dësem Artikel reagéiert d'Corinne Cahen am 100,7-Interview: si géif op der DP-Lëscht bei de Gemengewalen an der Stad kandidéieren: "D'Lydie Polfer huet mech gefrot", sot d'Familljeministesch dem radio 100,7.

Den Interview mat der Corinne Cahen lauschterenplay_arrow

D'Tatsaach, datt déi aktuell Buergermeeschtesch als Spëtzekandidatin fir hir eegen Nofolleg untrëtt, géif näischt un hire kommunalpoliteschen Ambitiounen änneren, sou d'Corinne Cahen:

"Dee Moment, wéi d'Lydie Polfer gesot huet, datt se nach eemol Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg wéilt ginn, an datt se dofir och d'Spëtzekandidatur op der DP-Lëscht géif ustriewen, war et fir mech kloer, datt ech déi Kandidatur géif ënnerstëtzen - mat voller Kraaft. Et ass kee Geheimnis, datt d'Stad Lëtzebuerg mir um Häerz läit, datt ech mech fir meng Stad wëllt engagéieren an dofir hunn ech och decidéiert fir d'Offer vum Lydie Polfer unzehuelen als Kandidatin fir d'Gemengewalen an der Stad Lëtzebuerg matzegoen."

Wa si sollt an de Gemengerot gewielt ginn, géif si dat Mandat selbstverständlech unhuelen an dee Moment aus der Regierung demissionéieren.