Si wier virun engem gudde Mount vum Minister François Bausch kontaktéiert ginn, an hätt no enger Woch Bedenkzäit zougesot:
"De Fränz kennt mech, hie weess och, datt ech op déi eng Manéier ganz carréiert sinn, op déi aner Manéier awer och incontrôlable, dat weess all Mënsch. An du hunn ech gesot: 'Ma dat do, dat läit mer.'"
Weder als iwwerzeegt Gréng nach als Member vum Nohaltegkeetsrot hätt si Bauchwéi, elo eng grouss Airline ze féieren: "Et gi vill méi schlëmm Transportmëttel wéi de Fliger."
"Mir brauche Sue fir ze liewen"
An hirem neie Posten un der Spëtzt vun der Cargolux gesäit si och Analogien zu hirer Aarbecht als Geschäftsfra:
"Mir liewen nun eemol am code monétaire, et steet och net an der Bibel, datt et verbueden ass Suen ze verdéngen. Mir brauche Sue fir ze liewen, fir eist Liewen ze gestalten. Als Kand hunn ech Zement verkaaft bei mengem Papp, d'lescht Joer war ech System-relevant well mer Toilettëpabeier verkaaft hunn, an elo fléie mer den Toilettëpabeier an."
D'Christiane Wickler denkt, datt hiren Optimismus, hire "breede Réck", awer och hire Pass si fir deen neie Poste qualifizéiert hunn: "Mir brauchen déi Diversitéit hei am Land, mir brauchen dee Multikulti, a wien representéiert dat besser wéi e Lëtzebuerger."
Si ass scho méi laang Presidentin vun enger Initiativ, déi sech expressis-verbis nennt, an déi eng ganz kritesch Haltung zu der aktueller Coronapolitik huet. D'Cargolux-Presidentin huet ënnerstrach, datt si weder Coronaleegnerin, nach Querdenkerin wier. Si wier just dergéint, datt d'Leit an der Pandemie Angscht gemaach kréien, an net fräi bestëmmt kéinte liewen.