Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bullion - We Had A Good Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Macron a Le Pen setze sech duerch

Franséich Presidentiellen

Macron a Le Pen setze sech duerch

Den Emmanuel Macron an d'Marine Le Pen hu sech wéi erwaart fir den zweeten decisiven Tour vun de franséische Presidentewale qualifizéiert. Den Emmanuel Macron, President vun de leschte fënnef Joer, kënnt mat 28 Prozentpunkten op déi éischt Plaz a verbessert säi Resultat aus dem éischten Tour viru fënnef Joer. Och d'Kandidatin vum riets-extreme Rassemblement National, d'Marine Le Pen huet mat 23 Prozent besser ofgeschnidde wéi 2017. De Kandidat vun der lénks-populistescher France Insoumise Jean-Luc Mélenchon kënnt op 22 Prozent a verpasst den zweeten Tour domat knapp.

auto_stories

3 min

E Resultat ouni grouss Surprise: D'Marine Le Pen an den Emmanuel Macron wäerte sech am zweete Waltour géigeniwwer stoen, d'selwecht wéi viru fënnef Joer. D'Sondagen haten dat schonn zanter dem Summer virausgesot.

Net virausgesot war, datt de Jean-Luc Mélenchon esou no un d'Marine Le Pen erukéim. An der leschter Woch hu vill Perséinlechkeete vun der Gauche dofir plädéiert, de Kandidat vun der lénks-populistescher France Insoumise ze ënnerstëtzen, fir direkt dem Marine Le Pen den zweete Waltour ze verspären. Dat huet hien net gepackt, och wann et knapp war.

Déi néng aner Kandidate kommen alleguer op manner wéi 10 Prozent vun de Stëmmen. De riets-extreme Essayist Éric Zemmour, dee virun zwee Méint an de Sondagen nach op déi zweet Platz komm ass, kënnt mat 7 Prozent op déi véiert Platz.

D'Sondagë soen eng knapp Victoire fir den Emmanuel Macron viraus

All déi aner leien ënnert der fënnef Prozenthürd, déi a Frankräich finanziell Konsequenze fir d'Parteien huet. D'Walcampagne gëtt nämlech net rembourséiert, wann d'Kandidaten et net iwwert 5 Prozent packen. D'Valérie Pécresse, Kandidatin vun der riets-konservativer Partei Les Républicains, an d'Anne Hidalgo, Kandidatin vum Parti socialiste, erzilen mat 4,8 Prozentpunkten, respektiv 1,7 Prozent, dat schlechtst Walresultat an der Geschicht vun hire Parteien. Dobäi hu béid Partéien fréier a Frankräich eng grouss Roll gespillt. Den Ekologist Yannik Jadot, deen op 4,7 Prozentpunkte kënnt, huet seng Wielerschaft schonn opgeruff, der Partei mat Donen aus de Scholden ze hëllefen.

Mee och wann zéng Kandidate géint den Emmanuel Macron an d'Marine Le Pen verluer hunn, sinn hir Wieler déi nächst zwou Woche vun zentraler Wichtegkeet fir d'Stéchwahl de 24. Abrëll: D'Sondagë soen eng knapp Victoire fir den Emmanuel Macron viraus, mee d'Aussoe gëscht Owend hu gewisen: et geet elo fir béid Kandidaten drëm, sou vill wéi méiglech Stëmmen ze rassembléieren.

Den zweete Waltour ass de 24. Abrëll. Éischt Sondagen no huet de President Emmanuel Macron mat 54 Prozentpunkten an der Stéchwal d'Nues vir. Den Emmanuel Macron sot gëscht Owend op senger Walsoirée:

"Je souhaite tendre la main à tous ceux qui veulent travailler pour la France. Je suis prêt à inventer quelque chose de nouveau pour rassembler les convictions et les sensibilités."

Un d'Adress vun de Wieler vun der Marine Le Pen sot de Macron.

"Je veux les convaincre dans les jours à venir que notre projet répond bien plus solidement que celui de l'extrême droite à leurs peurs et aux défis du temps. Ne nous trompons pas, rien n'est joué et le débat que nous aurons dans les quinze jours à venir est décisif pour notre pays et pour l'Europe."

Eng Partie Kandidaten hunn dozou opgeruff, am zweete Waltour an zwou Wochen den Emmanuel Macron ze wielen, respektiv géint de Rietsextremismus ze wielen. Fir den Emmanuel Macron geet et virun allem drëm, sou vill wéi méiglech Stëmme vum Jean-Luc Mélenchon ze kréien. 2017 ass dat him zu engem gudden Deel am zweeten Tour gelongen, Ëmfroe soen, datt dat des Kéier méi schwiereg gëtt.