Radioen

On air

De Moien  |  Ainhoa Achutegui

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Macron bleift an Europa isoléiert

EU

Macron bleift an Europa isoléiert

Den Emmanuel Macron gëtt sech als groussen Europäer, an hien huet Succès domat. Ëmmerhin ass de franséische President ee vun de rare Politiker an der EU, déi et fäerdegbruecht hu mat enger explizit pro-europäescher Campagne Wahlen ze gewannen. Bei sengem Besuch am Europaparlament krut hie vill Applaus. Mee um Niveau vun de Regierungscheffen an der EU kritt de Fransous bis elo net all ze vill Ënnerstëtzung fir seng Iddien. Duerch säi Succès huet hien et allerdéngs fäerdegbruecht, een Debat iwwer Europa ze lancéieren, deem sech keen esou richteg entzéie kann.

auto_stories

3 min

Den Emmanuel Macron huet am Europaparlament net déi grouss Europa-Ried gehalen. Dat hat hie schonn am September an der Sorbonne zu Paräis gemaach. Mee och gëschter gouf et grouss pro-europäesch Aussoe vun engem President, dee sech fir eng europäesch Demokratie asetzt.

"Ech wëll enger Generatioun ugehéieren, déi d'europäesch Souveränitéit verdeedegt", sou den Emmanuel Macron. Si wier noutwenneg a si misst verstäerkt ginn.

Eng Ried, déi gutt deet

Esou eng Ried deet gutt, sou d'Reaktioun vun der Mady Delvaux, Europadeputéiert vun de Sozialisten. Staatscheffe mat sou enger pro-europäescher Astellung wiere rar de Moment.

"Frankräich ass nees do", huet sech och de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker a senger Ried an der Plenière gefreet. De Vote vum Macron a seng Walcampagne hätten Europa nees Hoffnung gemaach. "Ech wënschen Iech datt Är Ambitioune Succès hunn."

Enthusiasmus bis elo net ustiechend

Allerdéngs ass dat nach net eraus. Well den Enthusiasmus vum franséische President war bis elo net wierklech ustiechend bei anere Staats- a Regierungscheffe vun der EU. Eng Enttäuschung kéint virprogramméiert sinn, fäert d'Mady Delvaux.

Et kéint sinn, datt dës Ried am Parlament duerch e Schotz Realismus manner engagéiert ausgefall ass wéi déi virdrun, sot de President vun der sozialistescher Fraktioun, den Udo Bullmann, nom Debat an enger Pressekonferenz. Hien hätt am Gespréich mam franséische President eng Onsécherheet doriwwer gespiert, ob hie genuch Partner fir seng Iddie wäert fannen.

Zum Beispill dem Macron seng Iddi fir der Eurozon en eegene Budget ze ginn, stéisst virop an Däitschland op Widderstand.

Däitsch-franséische Moteur dréint net

Bei de Reaktiounen am Parlament war nieft der Bewonnerung och vill Kritik ze spieren. Et gëtt d'Angscht, datt Frankräich um Enn zwar a verschiddene Punkte méi Europa wëllt, awer dobäi net onbedéngt d'Institutioune wéi d'Parlament stäerke wëllt.

Et gëtt Widderspréch, seet de Claude Turmes (déi gréng). Hie fënnt deen zum Beispill, datt sech den Emmanuel Macron hätt misse kloer dofir ausschwätzen, datt d'Europaparlament fir esou e Budget vun der Eurozon zoustänneg ass.

Den Emmanuel Macron deet Europa gutt, seet d'Viviane Reding, fréier EU-Kommissärin an haiteg Europadeputéiert vun der CSV. Fréier franséisch Presidenten hätte sech méi zeréckgehalen, wann et ëm d'EU gaangen ass. "Duerch seng Riede forcéiert hien, datt sech aner Länner wéi zum Beispill Däitschland mat Froe beschäftege mussen, déi si léiwer ënner den Dësch gekiert hätten".

EU am Lëtzebuerger Wahlkampf?

Och d'Viviane Reding ass awer, wéi déi däitsch Kanzlerin, net mat engem Budget fir d'Eurozone averstanen.

Mat Europa e Wahlkampf gewannen - ass dat och der Viviane Reding hire Programm? Et kéim een net laanscht Europa, sou hir Äntwert. "Wann ee Lëtzebuerg wëllt weiderentwéckelen, geet dat just zesumme mat enger zolitter Europapolitik."

Den Debat iwwer d'Zukunft vun Europa zu Lëtzebuerg - doriwwer, fir wéi eng Reforme sech déi eng oder aner konkret wëllen asetzen - ass een, deen an den nächste Méint ka gefouert ginn.