Radioen

On air

Notturno  |  Meernaa - I Believe In You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Macron - de jonke President

Chronik

Macron - de jonke President

De franséische Staatspresident Emmanuel Macron huet sech virum Weekend vum Jugend-Medium Brut interviewe gelooss. Méi wéi zwou Stonne gouf de Macron iwwer quasi all kontroverst Thema befrot: Lauter Sujeten, déi d'franséisch Jugend momentan interesséieren. De President huet domat zur richteger Zäit de richtege Geste gewisen, fënnt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn an der Auslandschronik.

auto_stories

2 min

"C'est dur d'avoir 20 ans en 2020." Mat dëse Wierder huet den Emmanuel Macron d'Fransousen an den zweete Confinement geschéckt. Hien ass de jéngste President, deen et a Frankräich jee gouf, a versicht dowéinst esou empathesch wéi méiglech mat der Jugend ze sinn.

Trotzdeem scheitert hie genee dorunner. De Macron ass virun allem zënter dësem Joer bei ville Jonken ënnen duerch. Dofir versicht hien et elo mat engem direkten Dialog. An dat mat engem Interview de Freiden am Jugend-Medium Brut.

Brut: Dat ass kriteschen Online-Journalismus. Hier Videoe sinn op de soziale Medien extrem beléift. Op Instagram hu se 1,6 Millioune Follower, dat sinn der 300.000 méi wéi d'Dageszeitung Le Monde.

Brut, dat sinn och net grad dem President seng beschte Frënn. Virun zwou Woche gouf hire Journalist Remy Buisine wärend enger Maniff vun der Police ugegraff. Et ass keen Zoufall, datt grad dee Journalist och den Interview gefouert huet. De Macron wosst vu vir eran, datt dat Gespréich kee Zockerschlécke fir hie géif ginn.

Kritesch Froen an no beim Public

An effektiv: d'Journalisten hunn sech viru kenger kritescher Fro gescheit. An der éischter Minutt si se direkt op d'Policegewalt ze schwätze komm. Duerno op de Lockdown, sexualiséiert Gewalt an Ëmwelt. Alles Themen, déi an éischter Linn e jonke Publik interesséieren.

Den Interview war ustrengend fir de President. Beim Theema Klimapolitik schléit hie souguer mat der Fauscht op den Dësch, a jäizt, datt nach ni en President esou vill géint de Klimawandel ënnerholl hätt, wéi hien. Dat ganzt Gespréich gëtt live um Internet iwwerdroen, wou d'Spectateuren direkt kommentéiere kënnen.

Eng weider Kandidatur gëllt als quasi sécher

Kuerz viru Schluss, no bal zwou an eng hallwer Stonnen, ass den Emmanuel Macron gefrot ginn, ob hien an der Presidentschaftswal 2022 als Kandidat untrëtt. Hien huet net mat engem konkrete "Jo" geäntwert. Hie wier sech bewosst, datt hien an der Coronapandemie vill u Beléiftheet verluer huet an datt sech dat sou séier net ännere wäert.

Dobäi ass seng Kandidatur an annerhallwem Joer bal sécher. Soss misst hien sech och net duerch deen Interview quälen. Hien wëll seng jonk Wielerschaft nees iwwerzeegen. 2017 huet iwwert d'Hallschent vun de Wieler ënnert 35 Joer fir de lénks-extreme Kandidat Jean-Luc Mélenchon oder fir déi riets-extrem Kandidatin Marine Le Pen gestëmmt. Den Interview bei Brut war kloer och e politesche Calcul.

Trotzdeem, muss een dem Macron eppes loossen: Hien huet Mutt gewisen, andeems hie sech senge Kritiker stellt. Besonnesch dëst Joer hu Jonker d'Gefill, datt politesch Decisiounen ouni si getraff ginn. De President huet zur richteger Zäit de richtege Geste gewisen.