Radioen

On air

De Moien  |  Say Yes Dog - On And On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Maggy Nagel: Lëtzebuerger Pavillon ee grousse Succès

Weltausstellung

Maggy Nagel: Lëtzebuerger Pavillon ee grousse Succès

Wéinst der Corona-Pandemie wäerten déi 25 Millioune Visiteuren, mat deenen d'Weltausstellung zu Dubai virun der Pandemie gerechent hat, wuel net erreecht ginn. Dat ännert awer näischt drun, datt de Lëtzebuerger Pavillon vill Succès hätt, huet d'Maggy Nagel am 100,7-Interview betount; si ass d'Kommissärin vum Grand-Duché bei där Expo.

auto_stories

2 min

Nobäi all 10. Persoun, déi bis elo op der Ausstellung passéiert ass, wier sech de Lëtzebuerger Pavillon ukucke komm: ronn 70.000 Leit am ganzen. Domat wier dee Pavillon ee vun de beléiftsten um ganze Site. Mee ouni Corona wiere wuel nach méi Leit komm, ënnersträicht d'Maggy Nagel.

Et hätt ee sech missten anescht organiséieren, fir de Reegele gerecht ze ginn - et wier dat éischt Evenement weltwäit, dat no der Pandemie an där Konstellatioun opgaangen ass - also mat Publikum, esou d'Kommissärin vum Grand-Duché bei der Weltausstellung.

"Fir mech a fir eis ass et net méi wichteg, ob mer déi 25 Milliounen herno kréien hei op deem Site. D'Zuel ass eis am Moment net méi esou wichteg wéi d'Qualitéit, déi mer wëllen eriwwer ginn. An dem Empfang fir jiddwer Eenzelen, dee kënnt, dee soll korrekt sinn an dat eriwwer ginn, wat mir als Lëtzebuerger wëllen dobausse weisen."

Virtuell de Pavillon besichen

Den Interessi un der Lëtzebuerger Presenz op der Expo wär awer net just an de Vereenegten Arabeschen Emirater, mee och hei am Land grouss. Si hätt zu Lëtzebuerg schonn 80 Konferenzen dozou gehalen, an et hätte sech eng 60 Lëtzebuerger Gruppen zu Dubai ugemellt, fir kucken ze kommen.

Fir déi Leit, déi net op Dubai reese kënnen, wier zesumme mam Digitaliséierungsministère ee Projet op d'Bee gesat ginn, wou ee mat engem 3D-Brëll duerch de Pavillon goe kann. De Projet, dee "Virtual Reality Roadshow" heescht, wäert den 10. November am City Musée virgestallt ginn.

Weltausstellung: eng Chance fir d'Vereenegt Arabesch Emirater?

D'Maggy Nagel huet d'Missioun als Kommissärin vum Grand-Duché bei der Weltausstellung am Joer 2016 iwwerholl, kuerz nodeem si als Kultur- a Logementsministerin aus der Regierung ausgescheet war.

Bis dohin hätt si Dubai an déi Vereenegt Arabesch Emirater weider net kannt, sot d'Maggy Nagel am 100,7-Interview. Bannent deene leschte fënnef Joer hätt si d'Land natierlech kennen, an dobäi och schätze geléiert:

"Mir ass dat Land esou eriwwer komm, wéi wann déi Expo hei wierklech eng Chance fir si wier, fir der ganzer Welt ze weisen: hei, geheit eis net an een Dëppe mat Aneren. Well mir wëllen, a mir sinn amgaang eis anescht opzestellen, an anescht dat Land hei ze developpéieren."