Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Maisons médicales ginn Zentere fir Soins avancés

Corona-Pandemie

Maisons médicales ginn Zentere fir Soins avancés

D'Maisons médicales ginn an Zentere fir Soins avancés ëmgewandelt a kommen op nei Plazen: op d'Luxexpo, an d'Rockhal an an d'Däichhal zu Ettelbréck. Fir den Oste wier Gréiwemaacher am Gespréich.

auto_stories

5 min

E Méindeg sollen d'Maisons médicales nach bis 12 Auer normal funktionéieren, vu 14 Auer nomëttes u sollen déi nei Zenteren uechter d'Land operationell sinn. E Sonndeg am Laf vum Nomëtteg soll nach d'Decisioun falen, ob den Zenter am Osten zu Gréiwemaacher kéint opgoen, huet d'Paulette Lenert op enger Pressekonferenz annoncéiert.

E Sonndeg den Owend koum dann d'Confirmatioun, datt den Zenter am Osten zu Gréiwemaacher wäert sinn.

"Mir komme gutt viru mat de Strukturen"

An dësen Zentere solle souwuel Patiente mat der COVID19-Krankheet behandelt ginn, wéi och aner Patienten. Fir déi zwee ze trennen, sinn zwou Filièren ugeduecht, déi duerch Schleise getrennt sinn. Op der Plaz soll et och méiglech sinn, fir Tester op den neiaartege Coronavirus ze maachen, et géif een och weiderhin Téléconsultatiounen ubidden.

Nieft de Spideeler wier och e Centre de traitement opgebaut ginn zu Kolpech, wou Patiente kënnen verluecht ginn, déi keng akut Soine brauchen. "Do si mer prett, dat ass operationell." Eng zweet Struktur zu Munneref wier am Stand-by, seet d'Paulette Lenert. D'Strukture géifen aktivéiert ginn, wéi se gebraucht ginn.

D'Paulette Lenert huet op Nofro hin och annoncéiert, datt jiddweree behandelt géif ginn, och wann ee keng Kranken- oder Sozialversécherung hätt. "Jiddwereen, dee Soine brauch, kritt déi."

1.500 Tester den Dag

Et bleift bei der Approche, fir nëmmen déi Leit ze testen, déi och Symptomer weisen, huet d'Paulette Lenert ënnerstrach. "Deen Test bréngt guer näischt, wann ee keng Symptomer huet." Den Test géif dann negativ ausfalen a géif eng falsch Sécherheet ginn.

Et géif ee mëttlerweil awer méi testen. Momentan géif ee bei 1.500 Tester den Dag leien, dat wier verhältnisméisseg méi wéi am Ausland.

Regierung huet vill Material bestallt

Momentan hätt d'Regierung och vill Commandë fir Material lafen, momentan hätt een awer genuch Material fir déi Leit, déi es brauchen. De Stock géif awer net duergoen, fir der Bevëlkerung Masken ze verdeelen, dofir géif dat Material prioritär un déi Leit erausgoen, déi um Terrain schaffen. Momentan hätt een 190.000 Masken un d'Personal verdeelt.

Fir d'Paulette Lenert ginn et zwee Defie fir Lëtzebuerg: engersäits kéint de Stock u Material knapp ginn. Dofir wier d'Regierung zanter Wochen amgaang fir esou vill ze bestellen, wéi et geet. Anerersäits géif de Risiko bestoen, datt et enk mam Personal gëtt.

Momentan géifen 173 Frontaliere vun der Offer profitéieren, fir an Hotellen zu Lëtzebuerg ze logéieren. Vun e Méindeg u géif och e Site lancéiert ginn, wou Fräiwëlleger sech melle kënne fir ze hëllefen. Do géifen da konkret Profiller opgelëscht ginn, seet d'Paulette Lenert.

De Virus soll sech sou mann wéi méiglech verbreeden

De gréissten Defi an Zukunft wier et nach ëmmer, fir datt de Virus sech an der Bevëlkerung sou lues wéi méiglech verbreet. "Haalt Iech weg. un d'Reegelen." Et wier bemierkenswäert, wéi d'Leit zesummenhalen.

D'Paulette Lenert mécht en Appell un déi Leit, déi all Dag a Kontakt mam Public sinn: si solle sech un déi zwee Meter Distanz halen, a wa si krank sinn, solle si doheem bleiwen.

Lëtzebuerg hëlleft an der Groussregioun

Lëtzebuerg wier de Moment awer gutt opgestallt a preparéiert, seet d'Gesondheetsministerin. De Xavier Bettel hätt dofir haut eng Zouso gemaach, fir an de Groussregioun ze hëllefen, wou d'Situatioun an de Spideeler "desastréis" wier.

Vu e Méindeg u soll eng Applikatioun de Suivi vum Patient erméiglechen, och wann de Patient doheem ass. Doduerch wéilt een och no der Kris kënne kucken, wéi gutt d'Gerance vun der Pandemie geklappt huet.

798 confirméiert Fäll

D'Paulette Lenert huet nach eng Kéier déi aktuell Zuele widderholl: momentan géifen et 798 confirméiert Fäll vun enger Infektioun ginn, aacht Patiente si bis ewell un der COVID19-Krankheet gestuerwen. 34 Patiente sinn de Moment hospitaliséiert an dräi weiderer sinn op der Intensivstatioun. Wéi vill Leit geheelt goufen, wëllt d'Ministerin d'nächst Woch matdeelen.

Momentan hätt Lëtzebuerg 112 Better op der Intensivstatioun, d'Zuel vun de Beootmungsgeräter wollt d'Gesondheetsministerin net soen.