Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Ice In My Eyes - Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Maison-relaisen: Akute Personalmangel

Kannerbetreiung

Maison-relaisen: Akute Personalmangel

D'Gratuitéit vun de Maison-relaisen huet keng signifikant Hausse bei den Inscriptioune mat sech bruecht. Dat héiert een am Gespréich mat den Acteuren um Terrain eraus, zwou Woche virum Schoulufank. D'Bedreiwer stinn dogéint engem akute Personalmangel géintiwwer.

auto_stories

4 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / smolaw

De 15. September ass d'Rentrée a vun dann u sinn d'Foyeren an d'Maison-relaise wärend der Schoulzäit fir näischt. Am Virfeld hate vill Acteuren um Terrain gewarnt, datt et doduerch zu Enkpäss kéint kommen, well d'Aschreiwunge géife klammen, mee deen Ustuerm schéngt ausbliwwen ze sinn.

Souwuel déi zwou gréisste Gemengen am Land, Lëtzebuerg an Esch, wéi och eng Rëtsch méi klenger, confirméieren dat op Nofro hin. De Premier Conseiller de Gouvernement aus dem Educatiounsministère, Lex Folscheid, wonnert dat net:

"Mir leien an der Reegel schonn iwwer 70 Prozent vun de Kanner, déi Maison-relaise frequentéieren, a mir ginn net dovun aus, datt mer hei lo op 90 Prozent géifen eropgoen. An de Grond dofir ass, datt mer gesinn, datt d'Elteren eigentlech just op déi do Offeren zeréckgräifen, wa se och wierklech an hirer Liewensplanung e Besoin gesinn, an net muttwëlleg drop zréckgräifen, well et op eemol gratis ass."

Waardelëschten an net prioritär Kanner

Eenzeg vu Käerjeng krute mir confirméiert, datt d'Demandë fir eng Plaz an der Maison relais am Verglach zu de Jore virdrun ëm 10 Prozent an d'Luucht gaange wieren.

De Luc Speller, dee fir d'Maison-relaisen an der Gemeng responsabel ass, ass iwwerdeems der Meenung, datt de wierklechen Impakt vun der Gratuitéit sech eréischt iwwert déi nächst Méint a Jore wäert weisen.

"D'Tendenz ass éischtens, datt d'Leit hir Kanner méi aschreiwen, well se wëssen: ok, lo maache mer och nach Hausaufgaben intensiv, an dofir schreiwen d'Leit hir Kanner méi intensiv an. Dat bedeit awer op der anerer Säit, datt d'Liste d'attenten, respektiv déi Leit, déi net prioritär sinn, datt déi guer net erakommen, an datt mer déi mussen op enger Liste d'attente loossen an datt vill Gemengen eng Liste d'attente kréien, déi ëmmer méi grouss gëtt."

An der Haaptstad si fir dëst Joer, all d'Foyeren zesummegeholl, 2.500 Schüler ageschriwwen, 50 Kanner stinn op der Waardelëscht.

Si wieren awer net prioritär, preziséiert d'Stater Schoulschäffen, Colette Mart, dat heescht, datt op d'mannst een Elterendeel doheem ass.

D'Stad Lëtzebuerg huet net genuch Personal

Et wier an de Foyeren eigentlech genuch Capacitéit do fir alleguerten d'Schüler opzehuelen, erkläert d'DP-Politikerin et géif awer u Personal feelen.

"Mir hu 50 oppe Plazen, a vu datt mer net genuch Personal hunn, kënne mer manner Kanner ophuelen, wéi mer am Prinzip kéinten an eise Foyeren ënnerkréien."

De Personalmanktem an de Maison-relaisen ass queesch duerch d'Land eng Realitéit. Och wann d'Gemenge kucke fir duerch nei Gebailechkeete méi Capacitéit ze schafen: ouni dat néidegt Personal, kënnen net méi Kanner betreit ginn.

Deem Problem wier een sech am Ministère bewosst, betount den éischte Regierungsrot am Educatiounsministère Lex Folscheid. Dofir wieren an der Vergaangenheet schonn aner Ausbildungsméiglechkeete geschafe ginn.

"D'Personal ass eppes wou mer mussen drop reagéieren, a wou mer dofir fir d'Rentrée och Assisen mam Secteur wäerten organiséieren, fir ze kucken, wéi eng Profiller vu Leit brauche mer an de Maison-relaisen, a wéi eng Formatiounen. A wéi kënnen déi Formatiounen och um Terrain ugebuede ginn."

Akute Personalmangel

D'Personalfro beschäftegt och den Direkter vum Kanner- a Jugendberäich vum Grupp Elisabeth. Dee bedreift 12 Maison-relaisen uechter d'Land a mécht elo am Hierscht eng 13. op.

Schwiereg ze geréiere wier virun allem d'Diskrepanz tëscht dem héije Besoin u Personal an de Mëttespausen an deem manner héijen am Nomëtteg, seet de Michel Schenk:

"Do muss ee schonn heiansdo kreativ sinn, fir trotzdeem déi néideg Qualitéit ze assuréieren. Dat ass awer e wichtege Punkt, well mer awer e Bildungsoptrag hunn an der non-formaler Bildung. Do ass schonn e Spagat ze fannen. Da kënnt lo nach d'Hausaufgabebetreiung derbäi, wou mer awer musse Leit stellen, déi de Kanner kënnen zur Hand goen, och wann et méi eng Betreiung wéi eng Hëllef ass."

Schoulvakanz: Een Abroch vu Presenzen?

De Michael Schenk erënnert an deem Kontext och drun, datt d'Gratuitéit vun de Maisons-relaisen net d'ganzt Joer iwwer gëllt. An de Schoulvakanze mussen d'Eltere weiderhi fir d'Betreiung bezuelen, an dee Montant ass och net méi plafonéiert.

Do kéint et méiglecherweis zu engem Abroch bei de Presenze kommen, well Eltere sech aneschters géifen arrangéieren. Dee Moment hätten d'Maison-relaise wärend deenen Zäite méi Personal wéi se bräichten.

Dat Argument léisst de Lex Folscheid aus dem Educatiounsministère awer net gëllen. D'Aktivitéiten an de Maisons-relaise wiere staatlech subventionéiert an doduerch ëmmer nach méi bëlleg wéi aner Fräizäitaktivitéiten, deenen d'Schüler wärend de Vakanze kéinten nogoen, hie géif dofir net dru gleewen, datt et zu engem Abroch kënnt.