Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Majoritéit fir Fidesz-Auschloss gëtt méi grouss

Europäesch Vollekspartei

Majoritéit fir Fidesz-Auschloss gëtt méi grouss

Déi national-konservativ Regierung an Ungarn huet dem EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an dem US-Milliardär George Soros d'Ënnerstëtzung vun der illegaler Immigratioun virgehäit. D'EU-Kommissioun an déi Europäesch Vollekspartei EVP hunn déi nei Campagne vu Budapest schaarf kritiséiert. Dës Campagne vun Ungarn géif d'Faass zum Iwwerlafe bréngen, seet den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen. D'CSV an hir Alliéiert wéilten dofir suergen, datt d'Partei vum ungaresche Premier Viktor Orban Fidesz net EVP-Member bleift.

auto_stories

2 min

D'CSV eleng kéint déi ungaresch Partei net aus der EVP kréien, dofir bräicht een d'Ënnerstëtzung vu weidere Parteien aus méi Länner. D'Schwësterparteien aus Holland, Schweden a Finnland wieren de Moment och op de Barrikaden, erkläert de Christophe Hansen.

D'CSV fir hiren Deel wier bereet alles dofir ze maachen, fir d'Fidesz net méi an der EVP ze hunn. "D'CSV ass Grënnungsmember vun der EVP a mir hunn do eng ganz Rei Alliéierten, déi op där selwechter Linn schwammen."

EVP-Austrëtt vun CSV méiglech Optioun, awer net "preferéierte Wee"

Wann et keng Konsequenze géife ginn, da wier d'CSV also net eleng mat hirem Widderstand géint d'Partei vum ungaresche Premier, erkläert den Europadeputéierte Christophe Hansen. An deem Fall wier och seng Partei bereet, e Schrack méi wäit ze goen.

D'CSV wier "och net honnertprozenteg dogéint fir d'EVP eng Kéier ze verloossen". Momentan kéint d'Partei sech net méi mat der EVP identifizéieren.

Datt d'CSV d'EVP géif verloosse wier awer net de "preferéierte Wee", esou de Christophe Hansen. Et géifen aner Parteie ginn, déi déi Europäesch Vollekspartei virun der CSV misste verloossen.

Majoritéit fir Ausschloss vu Fidesz gëtt méi grouss

D'Fro, wéi wahrscheinlech ee Fidesz-Ausschloss ass, wëllt de Lëtzebuerger Europadeputéierten net beäntwerten. D'Majoritéit an der EVP fir en Ausschloss géif momentan awer méi grouss ginn. "Also do komme Parteien dobäi, do brieche keng méi ewech bei där Initiativ", sou de Christophe Hansen.

Och den neien CSV-Parteipresident Frank Engel hat den Dënschdeg op Facebook geschriwwen, datt Fidesz wéinst hirem Anti-Europa an Anti-Juncker-Pouster net EVP-Member kéint bleiwen.


De Panorama-Bäitrag vum Serge Kesseler vun 18 Auer:

Lauschterenplay_arrow


Laurent Mosar: "No Europawahle muss Kloerheet kommen"

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar seet, déi perséinlech Attacke vu Fidesz op d'Persoun vum EVP-Spëtzekandidat 2013 an aktuellen EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker wieren "total inakzeptabel". D'CSV misst ëmmer erëm drop pochen, datt esou e Verhale vum Viktor Orban net ze akzeptéiere wier. Spéitstens no den Europawahlen Enn Mee misst Kloerheet kommen, betount de Laurent Mosar.

D'Reaktioun vum Laurent Mosarplay_arrow