Radioen

On air

De Moien  |  D’Eemaischen: hir Geschicht an hiert Symbol

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mam Fliger bei de Kleeschen

Klimawandel

Mam Fliger bei de Kleeschen

D'Luxair an de Cactus sinn zwou grouss Entreprisen, déi sech no bausse gären als sozial an ekologesch responsabel weisen. All béid soen, si géife vill fir de Klimaschutz maachen. Mee vläicht ass dat just e Märchen. An enger gemeinsamer Aktioun, hunn de Cactus an d'Luxair nämlech de leschte Sonndeg bal 100 Kanner mat engem Fliger an den Himmel geschéckt, fir do de Kleeschen ze begéinen. An Zäite vu Klimawandel ass dat irresponsabel, mengt de Pierre Reyland an engem Kommentar.

auto_stories

3 min

"Eng Begéinung mam Kleeschen iwwer de Wolleken" war den Titel vum Cactus sengem Communiqué, deen e Méindeg, 2. Dezember, an eiser Email Boîte gelant ass - um Dag, also, wou zu Madrid d'UNO Klimakonferenz ugefaangen huet. De Communiqué erzielt vun enger eng Aktioun, déi de Cactus an d'Luxair den Dag virdrun organiséiert haten. Ech resuméieren:

"Sonndes, 1. Dezember. 93 Kanner, begleet vun engem vun den Elteren, fléie mat engem Luxair Boeing 737-800 um Findel fort. D'Kanner waren ausgewielt ginn, well se, bei engem Concours vum Cactus, déi schéinst Biller vum Kleesche gemoolt haten. Uewen am Himmel, 6.400 Meter héich, hunn d'Kanner all zesumme gesongen, "Léiwe Kleeschen". An du koum de Kleeschen AN de Fliger... an d'Kanner waren immens frou.... an de Fliger ass nees gelant... an de Kleesche gouf all Kand e schéine Cadeau."

Klima-intensiivst Form vun Transport

Ech wëll kee Spillverdierwer sinn, an de Kanner, an hiren Eltere verroden, datt et de Kleeschen net gëtt. Mee lo wou se nees um Buedem vun der Realitéit sinn, kéint ee si an d'Organisateure vum Kleeschens-Vol un e puer Tatsaachen erënneren.

Fléien ass klimaschiedlech. D'Fligere maachen den Ament wuel "nëmmen" 2,5 Prozent vun de globalen CO2 Emissiounen aus, an, mat hiren aneren Emissiounen, 5 Prozent vun allen Zäregaser. Vill manner wéi d'Autoen. Mee Fléien ass déi Klima-intensiivst Form vun Transport, well si huet deen héchsten Zäregas-Verbrauch pro Kapp. An den Aviatiouns-Secteur boomt. Alleng an der EU sinn dowéinst d'CO2 Ausstéiss vu Fligeren a fënnef Joer - vun 2013 bis 2018 - ëm 26 Prozent geklommen.

Net just d'Greta Thunberg, mee Ëmwelt-Organisatioune weltwäit soen dofir. Huelt de Fliger nëmme wann der musst. Wat dat heescht muss jidderee selwer decidéieren. Mee de Cactus-Luxair-Vol bei de Kleeschen hätt net misse sinn. An ass a villen Hisiichte problematesch. De Staat ass gréissten Aktionär bei der Luxair S.A, déi sech da mam Cactus fir eng, aus Ëmweltschutz-Siicht bedenklech Aktioun, zesummen deet, wärend d'Ëmweltministesch op der Klimakonferenz zu Madrid iwwer Mesuren diskutéiert, fir d'Klima-Erwiermung ofzebremsen. Vum Kleeschens-Vol hätt si iwwregens net Bescheed gewosst, krut ech vun der Lëtzebuerger Delegatioun zu Madrid gesot.

Luxair a Cactus: Ambitioun a Realitéit leie wäit auserneen

Dee Vol ass och net am Aklang mat deem, wat de Cactus an d'Luxair a Saache Klimaschutz verspriechen. Am Joresrapport 2018 vu Luxair Group steet, am Kapitel Corporate Social Responsibility, datt de Grupp Luxair alles maache géif wat méiglech ass, fir säin CO2-Foussofdrock ze reduzéieren. Vläicht wier et méiglech gewiescht, net mat de Kanner bei de Kleeschen ze fléien? Well am Joer 2018 huet Luxair 11,69 Prozent méi CO2 an d'Loft geblose wéi d'Joer virdrun, steet och am Joresrapport.

Och de Cactus profiléiert sech op senger Internet Säit als "entreprise responsable" a schreift: "Mir engagéieren eis dozou, eisen Energie-Konsum ze reduzéieren an der Klima-Erwiermung entgéint ze wierken". Wann een da Kanner mat engem Boeing fléie léisst fir de kommerzielle Potential vum Kleeschen auszenotzen, ass et éischter eng "entreprise irresponsable".

Well déi 93 Kanner, deenen hir Zukunft wéinst dem Klimawandel ëmmer manner gutt ausgesäit, sinn ze kleng, fir dat, wat de Cactus an d'Luxair do gemaach hunn, a Fro ze stellen. Déi Kanner stelle sech keng Froen, ob ee vläicht manner fléie soll, a si gleewen elo nach méi un de Kleeschen.