Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mam Impfbus ënnerwee

Impfcampagne

Mam Impfbus ënnerwee

Zanter enger knapper Woch sinn d'Impfbussen ënnerwee fir am Gesondheets- a Fleegesecteur deene Leit ee Vaccin unzebidden, déi sech bis elo net impfe wollten oder konnten. Schätzungen no sinn iwwer déi lescht Woch eng 370 Leit iwwer dës mobil Impfméiglechkeet geimpft ginn. De Moien huet ee vun den zwee Busse beim Altersheem um Houwald Halt gemaach.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


De Camille ass ee vu véier Leit déi de Moie kuerz no der Arrivée vum Impfbus do geimpft gi sinn - ganz spontan, ouni Umeldung. Hie schafft fir d'Rout Kräiz, am Beräich vum Persounentransport, an ass fir d'Impfung um Houwald stoe bliwwen.

Angscht oder Skepsis wieren net de Grond gewiescht firwat hien net éischter geimpft ginn ass: "Je pense que c'est le temps, le temps et puis voilà, là ça s'est bien présenté, voilà."

Eng Fra, déi als Serveuse am Houwalder CIPA schafft, seet, si hätt wëllen ofwaarden a wier réischt no an no iwwerzeegt ginn. De Leit an hirem Ëmfeld, déi sech impfe gelooss hätten, géif et gutt goen - och wann aner Informatiounen op de soziale Medie géife kurséieren.

Net jiddereen deen de Moien hei passéiert wëll d'Fro kommentéieren, firwat e méi fréi Impfgeleeënheeten net genotzt huet. 80 Prozent vum Personal am CIPA Houwald ass vaccinéiert. Den Direkter vum CIPA, den Xavier Thiery ass frou, datt den Impfbus hei hale bliwwen ass. All Geimpfte méi géif d'Normalitéit am Haus erëm méi no bréngen. Et wier hire Rôle, de Leit, déi Angscht hätten, ze erklären, wat d'Virdeeler vun der Impfung sinn.

D'Infirmieren mat der Familljeministesch Corinne Cahen beim Impfbus

Heescht: erëm méi Aktivitéiten, méi Sortien - an enges Daags vläicht och manner Mask. D'Vera Sibenaler ass eigentlech virpensionéiert, mee wéinst Covid erëm als Infirmière am Asaz. Elo am Impfbus, aus Iwwerzeegung, well si seet: Gesondheetsberuffler hunn eng Verantwortung vis-à-vis vun de meeschtens vulnerabele Leit mat deene si schaffen.

"Ech kann novollzéie wa Leit soen, ech sprangen net op den éischte Won an ech wëll mech ëmfroen - dozou hunn ech och gehéiert. Mee ech hunn am Centre Covid geschafft a wéi eis Responsabel gesot huet 'Dir sidd op der Lëscht', sinn ech am Januar geimpft ginn an ech sinn net méi wéi frou datt ech do konnt dobäi sinn."

D'Familljeministesch Corinne Cahen, déi de Moien op der Plaz war, seet, si kéint perséinlech net verstoe firwat ee sech net impfe léisst. Et wier wichteg, datt een de Leit méi Méiglechkeete bitt fir ee Vaccin géint Covid ze kréien:

"Et si Leit, déi wollten sech am Ufank net impfe loossen, entweder well se krank waren, an dofir immun scho waren... oder si kruten net deen Impfstoff dee se wollten, sou datt se lo awer d'Geleeënheet hunn fir sech den Impfstoff auszesichen. Also mir mierken datt awer scho Leit dat an Usproch huelen."

D'Impfbuscampagne dauert nach bis den 10. August. Am Impfbus kënnen och Leit vu baussen, déi also zoufälleg an der Géigend sinn, ee Vaccin kréien, sot d'Familljeministesch Corinne Cahen de Moien nach op der Plaz.