Radioen

On air

Notturno  |  Kuston Beater - Undo Stress

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mam Taxi fueren ass méi bëlleg ginn

Taxi Reform

Mam Taxi fueren ass méi bëlleg ginn

D'Taxifederatioun begréisst, datt d'Taxi-Präisser am Abrëll a Mee erofgaange sinn. D'Baisse vun de Präisser geet aus engem Rapport ervir. Am Norde wier den Taxi-Reseau allerdéngs nach net voll ausgelaascht, esou d'Federatioun.

auto_stories

3 min

Zënter September 2016 ass d'Taxi-Reform a Kraaft. Eng vun den Haaptännerunge war d'Liberalisatioun vun den Tariffer, déi d'Taxischaufferen ubidde kënnen. A sengem Rapport hält den Observatoire de la Formation des Prix fest, datt d'Taxi-Präisser am Abrëll ëm dräi Prozent, an am Mee ëm en hallwe Prozent erofgaange sinn. Dat ass aussergewéinlech.

Präisdynamik um Marché

D'Taxi-Federatioun begréisst dës Entwécklung, seet de Conseiller Michel Wadlé. Et géif een eng gewësse Präisdynamik observéieren. Zënter datt den Observatoire 1995 d'Präisser fir d'éischte Kéier statistesch erfaasst huet, sinn nämlech d'Präisser konstant geklommen.

"Mir gesinn, datt déi digital Applikatioune lues a lues um Lëtzebuerger Marché Fouss faassen. Et huet een och elo gesinn, datt verschidden Taxi-Entreprisen d'Präisser rechnen a Funktioun vum Stroosseverkéier. An et gesäit een och am Secteur selwer, datt verschidde ganz interessant Forfaite proposéiert ginn."

Méi Visibilitéit fir Taxi-Stationnementer

Bis elo wiere bei der Federatioun och keng gréisser Reklamatiounen agaangen, esou de Michel Wadlé. Et wieren éischter Klengegkeeten, un deenen nach geschafft misst ginn. An der Stad Lëtzebuerg géifen op deene strategesch wichtege Plazen am Zentrum zum Beispill eng ganz Rei Parkplaze fir Taxie feelen.

"Wat nach dobäi kënn,t ass och d'Visibilitéit vun deenen eenzelen Taxi-Stationnementer. Mir sinn der Meenung, datt déi duerch e groussen, beliichte Panneau misste méi erkennbar si fir de Client. Zemools, wann e vu wäitem kënnt."

Duerch d'Taxireform, gouf d'Land a sechs Zonen opgedeelt. E Problem, deen een am Moment hätt, wier, datt ëmmer nees Taxischaufferen an der falscher Zon géife fueren, esou de Michel Wadlé vun der Taxi-Federatioun.

Méi Taxi-Lizenzen am Norde vum Land?

Den Observatoire de la Formation des Prix huet festgestallt, datt nach net all Zon couvréiert wier. Am Norde wieren e groussen Deel vun de Lizenzen nach disponibel. D'Federatioun ass awer optimistesch, datt sech dat nach ännere géif. Mat der Zone-Verdeelung wier een den Ament zefridde, seet de Michel Wadlé.

"Et ass kloer, datt an der Stad Lëtzebuerg, wou dee gréissten Trafic u Leit ass, déi meeschten Lizenze gefrot ginn. Mä et ass och wichteg, datt Taxien am ganze Land fueren. A mir sinn och sécher, datt déi Lizenzen iergendwann wäerten ugefrot gi vu Betriber."

An de leschte véier Joer wieren dem Observatoire des Prix no d'Präisser fir Taxifahrte méi séier geklommen, wéi d'Käschte vun de Betriber. D'Margë sinn also méi grouss ginn. Bei der Taxi-Federatioun kéint ee sech dësen Ënnerscheed awer net erklären, esou de Michel Wadlé.

Bäitrag Tëschebilan Taxireformplay_arrow