Radioen

On air

Notturno  |  Sylvan Esso - Your Reality

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mamer: Eng Wielerschaft, déi sech verännert huet

Gemengewalen 2023

Mamer: Eng Wielerschaft, déi sech verännert huet

D'Wielerschaft zu Mamer huet sech an de leschte sechs Joer verännert. Mee bréngt dat och eng Verännerung wat de Buergermeeschterposten ugeet? Déi gréng ginn op jidde Fall zu Mamer mat der Ambitioun an d'Walen, eng weider Nei-Oplag vun der schwaarz-rouder Koalitioun, déi ewell 23 Joer hält, ze verhënneren. Dat sot d'Djuna Bernard, Co-Presidentin vun der grénger Partei a Spëtzekandidatin zu Mamer, hei op der Antenn.

auto_stories

2 min

D'Francine Closener, de Gilles Roth an d'Djuna Bernard. (Foto: Chris Zeien)

Am Fall wou si sollt Buergermeeschtesch kënne ginn, géif si och kee Ministerposten an der nächster Regierung ustriewen, sou d'Djuna Bernard.

"Fir mech ass kloer: Falls d'Wielerinnen a Wieler mir d'Chance géife ginn, fir Buergermeeschtesch vu menger Heemechtsgemeng ze ginn, dann huet dat iewescht Prioritéit. An da stinn ech och net fir ee Ministerposten zur Verfügung."

Och d'LSAP-Spëtzekandidatin Francine Closener sot, si géif eng Plaz am Schäfferot net géint e Mandat an der Regierung wëllen tauschen. Den aktuelle CSV-Buergermeeschter Gilles Roth fir säin Deel wollt, wéi hie selwer sot, net iwwer Hypotheese spekuléieren.

Eng Gemeng mat vill Wuesstem

D'Gemeng Mamer ass an de leschte Jore staark gewuess. D'Awunnerzuel ass zënter 2015 ëm méi wéi 2.500 Leit an d'Luucht gaangen. Dat féiert ënnert anerem dozou, datt de Gemengerot méi grouss gëtt: den nächste Sonndeg si 15, amplaz bis elo 13, Mandater ze verginn.

Pronosticke si bal onméiglech, ëmsou méi well d'Wielerschaft haut eng ganz aner ass wéi 2017. Och wéinst enger Spezifizitéit, op déi den CSV-Buergermeeschter Gilles Roth higewisen huet.

"Et kommen all Joer ongeféier 300 Leit zu Mamer bäi. Mir stéieren och op 11.000 Awunner zou. Mee et ass eppes speziell. An ech mengen, dat huet och domat ze dinn, datt d'Europaschoul do ass, an datt mir mat der NSPA eng international Organisatioun op der Kap hunn. Et sinn also praktesch 1.500 Leit pro Joer, déi wiesselen."

Dat géing awer net heeschen, datt 1.500 nei Leit géife bäikommen, mee et wier ee Wiessel: déi eng plënnere fort, déi aner komme bäi. Sou wier d'Elektorat zimmlech verschidde vun deem, wat nach viru sechs Joer do war, seet de Gilles Roth.

"Zanter 2018 fir d'Chamberwalen hate mir eigentlech keen demokratesche Rendez-vous méi zu Mamer, sou datt déi Walen eng gewëss Nei-Orientéierung - sou oder sou - wäerten ausdrécken."