Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  John Andrews & The Yawns - Never Go Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mammen am Exil

Fräie Mikro

Mammen am Exil

Leschte Sonndeg hunn d'Bierger:inne bestëmmt, wie wärend den nächste sechs Joer d'Geschécker vun eise Gemenge leede soll. Dobäi huet deen een oder anere vläicht vergiess, datt och Mammendag war. D'Antónia Ganeto vun der Associatioun Finkapé widmet dofir dëse fräie Mikro de Mammen am Exil.

auto_stories

5 min

Foto: Archiv

Meng verstuerwe Mamm ass an de 70er Jore mat dräi vun hire Kanner vum Cap-Vert op Lëtzebuerg komm. Si konnt keng Sprooch vun eisem Land an hat deemno keen Zougang zu ville wichtegen Informatiounen. Trotzdeem huet si et fäerdeg bruecht eis op d'Liewe virzebereeden a war eis zu all Moment eng wichteg Stäip. Dat war fir mech selbstverständlech. Ech war mir guer net bewosst, wéi vill Hindernisser si, genee wéi vill aner Mammen, an den éischte Joren no der Awanderung huet missen iwwerwannen.

Mamm sinn variéiert vu Kultur zu Kultur

Fir unzefänken, ass et scho mol net sou evident ze soen, wat dat heescht Mamm ze sinn. Dat ass mat villen Aufgaben, Wäertvirstellungen, Erwaardungen a Responsabilitéite verbonnen, déi vu Kultur zu Kultur kënne variéieren. Wat hei ganz normal ass, kann op anere Plazen onvirstellbar sinn, an ëmgedréint. Jee nodeems wou een opwiisst, gëtt een iwwer Bräich a Ritualer op déi Roll virbereet. Do deelen déi erfuere Mammen aus der Famill an der Gesellschaft hiert Wësse mat, a bereeden een op dës Roll vir. Dës Damme stinn engem och spéider bei Froen oder Onsécherheeten zur Säit. Am Fall vun enger Migratioun geet dëst Opfangnetz oft verluer. Et muss ee selwer no Léisungen am neie Land sichen. Dat ka mat villen Onsécherheete verbonne sinn, wann d'Gewunnechten am neie Land vun deem, wat ee kennt, ofwäichen.

Da gëllt et vill Entscheedungen ze treffen, wat d'Erzéiung vun de Kanner ugeet. Wat gëtt een hinne mat op de Wee? Bereet een se op e Liewen am Hierkonftsland vir? Oder leet een de Schwéierpunkt op déi Wäerter, Gewunnechten a Kompetenzen, déi am Gaaschtland méi heefeg sinn? D'Erzéiung ass eng Gratwanderung, wou et gëllt de Kanner d'Schlëssele mat op de Wee ze gi fir déi eege Wuerzelen ze kennen a positiv ze erliewen, an hinne gläichzäiteg ze hëllefen déi néideg Kompetenzen opzebauen, fir an der neier Heemecht erfollegräich ze sinn. D'Kanner brauche béides fir zu staarke Mënschen ze ginn.

All dës Entscheedunge musse séier an an enger schwiereger Situatioun getraff ginn. Ass een zum Beispill virun engem Konflikt geflücht, ass een Opfer oder Zeie vu Gewalt ginn, oder war d'Migratioun mat ville schwéieren Trennungen a Verloschter verbonnen, muss ee fir d'Kanner do sinn, wärend een déi eegen Trauer oder Traumaen iwwerwënnt.

Geschlechterrollen an der Gesellschaft

Da kommen eventuell och d'Geschlechterrollen, mat all de verbonnene Fräiheeten, Responsabilitéiten an Erwaardungen dobäi, déi kënnen anescht si wéi am Hierkonftsland. Dat kann zu Spannungen an der Koppel féieren. Besonnesch wann déi traditionell Rollen net kënnen erfëllt ginn, well d'Fra vläicht éischter eng Aarbecht fënnt, oder déi finanziell Situatioun verlaangt, datt béid Partner schaffen. An dann hu mir nach guer net vun deene Leit geschwat, déi Elengerzéiend an engem neie Land sinn.

Jiddereen erlieft d'Mamm-sinn an d'Migratiounserfarungen anescht, dofir trëfft dës natierlech net op jiddereen zou. An awer ass et wichteg, sech mat dësen Hürden auserneen ze setzen a weider zu dësem Thema ze fuerschen, fir besser ze verstoe wat fir Erausfuerderunge sech vill Mamme stellen, fir si besser kënnen ze verstoen, ze ënnerstëtzen, an ze wäertschätze wat fir eng Aarbecht si fir hir Kanner, hir Famill an eis Gesellschaft leeschten.

Dofir verpasst an deem Kader net déi aktuell Ausstellung am Centre de Documentation sur les Migrations Humaines zu Diddeleng, mam Titel " femmes en migration, portraits croisés d'ici et d'ailleurs ".


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.