Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - A2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manfred Weber: Quotesystem ass net méi realistesch

EUROPA-INTERVIEW

Manfred Weber: Quotesystem ass net méi realistesch

Wéi eng Ausweeër proposéiert d'EU am Klimaschutz, an der Diskussioun ronderëm d'Migratioun oder an der Corona-Pandemie? Mir hu virun der Ried zur Lag vun der Unioun mam Manfred Weber, dem Chef vun der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei am Europaparlament geschwat.

auto_stories

2 min

An der éischter Phas vun der Pandemie war Europa gespléckt, et hu sech vill national Egoisme gewisen, seet de Manfred Weber, Chef vun der Europäescher Vollekspartei. Mam Accord iwwer ee Fonds de Relance wier am Juli d'Solidaritéit awer nees um Rendezvous gewiescht. D'Gesondheetspolitik misst méi eng grouss Roll an der EU an Zukunft spillen.

Klimaschutz: 55 Prozent Reduktioun ass ambitionéiert

Seng EVP stéing net op der Brems am Klimaschutz, och wann een d'Reduktiounszil vu 60 Prozent manner CO2-Emissioune bis 2030 net matdroe géif. Et misst een zesumme mat der Wirtschaft schaffen an der Industrie Zäit loossen, do wier een Zil vu 55 Prozent ambitionéiert genuch.

Wat d'Migratioun an d'Situatioun op der Insel Lesbos a Griichenland ugeet, weist den CSU-Politiker drop hin, datt d'Zuel vun der Flüchtlingen op der Insel an de leschte Joren ëmmerhi scho vu 25.000 op 12.000 erofgesat gouf. D'Ëmverdeele vu Flüchtlingen an der EU wier ee "politesch ganz schwiereg Sujet" an "eng vun den oppene Wonne vun der EU".

Migratioun: Grenze protegéiere gehéiert dozou

Den CSU-Politiker hofft op d'Propose vun der Europäescher Kommissioun fir d'Reform vum europäeschen Asylsystem, déi soll den 23. Oktober um Dësch leien. Allerdéngs wier et net realistesch, datt d'Kommissioun un der Iddi vun engem verbindleche Quotesystem festhält.

"Allerdings darf sich auch kein Staat in Europa komplett verweigern und sagen, mich geht das Thema gar nichts an. Es ist jetzt unsere Aufgabe, eine Mischung zu finden: Einerseits keine Quote, aber andererseits muss jeder seinen Beitrag leisten. Und ich bleib dabei: Das gehört zusammengedacht mit der Grenzsicherung. Auch da muss Europa Klartext reden."

Wat de weideren Ëmgang mat der ungarescher Regierungspartei Fidesz an der EVP ugeet, wollt de Manfred Weber sech net festleeën. Et géif nach am Hierscht eng Decisioun geholl ginn, sou den EVP-Chef.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.