Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Schnéi duerch Abrëllswieder

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Demonstratiounen an der Stad

Demo a Géigendemo

Demonstratiounen an der Stad

Fir eng weider sougenannte "Marche blanche silencieuse" hate sech de Freideg den Owend virun der Philharmonie um Kierchbierg e puer honnert Leit versammelt: zum ganz groussen Deel haten d'Leit keng Mask op. D'Police schwätzt vu maximal 300 Participanten.

auto_stories

2 min

Um Bord dovu gouf et eng Géigenaktioun ënnert dem Motto "Covidioten net d'Strooss iwwerloossen". Organiséiert war dës Aktioun vun "Zentrum20", enger Organisatioun, déi hiren Opruff iwwer Instagram gemaach hat. Bei der Aktioun vun enger Stonn matgemaach hu gëschter Owend eng 15 Leit, dorënner virun allem Jonker.

Lauschterenplay_arrow

"Dat hei ass éischter wierklech symbolesch fir ze weisen, datt et net ka sinn, datt an Zäite wou iwwer 2.000 Fäll den Dag sinn, Leit ouni Mask demonstréiere géint d'Mesuren, géint d'Impfung, wat komplett onsënneg ass, menger Meenung no."

Een anere Mat-Organisateur vun "Zentrum20" seet:

"Dat heiten ass elo mol fir d'éischt eng eemoleg Aktioun. Mir hunn net vir elo all Demonstratioun vun hinnen ze blockéieren, zemools net déi wou mer wëssen, dass Gewalt wäert am Spill sinn, well mir géint Gewalt sinn an all Eskalatioun wëlle vermeiden."

Souwäit zwee vun den Organisateure vun "Zentrum20", déi hiren Numm net um Radio wëllen héieren. D'Aktioun de Freideg den Owend virun der Philharmonie ass friddlech bliwwen. Vill Police-Beamten hate sech tëschent d'Demonstrante vu béide Grupp gestallt.

Déi eng éischt Demonstratioun hätt um véierel op 7 Auer opgehalen, déi zweet hätt sech vun 20 Auer un ugefaangen opzeléisen, esou d'Police an hirem Bericht.