Verkéierssécherheet Manner Accidenter duerch Wine-Bag an Ethyloborne?

Wine-Bag
Foto: Sécurité Routière

Mat ronn 85 Prozent war Alkohol um Steier d'lescht Joer déi heefegst Ursaach, firwat Chauffeuren hire Führerschäin vun der Police ewech geholl kruten, well si d'Grenz vun 1,2 Promill iwwerschratt hunn. De Konsum vun Alkohol bleift ee vun den Haaptgrënn fir schlëmm Accidenter op der Strooss.

D'Sécurité Routière huet elo eng nei Sensibilisatiouns-Campagne lancéiert, déi sech speziell u Restaurateuren, Cafébesëtzer awer och un d'Cliente riicht. De Relancement vum sougenannte Wine-Bag an d'Promotioun vun der Ethyloborne. Ëm wat et do geet a wat ee sech erwaarden kann, erkläert de Paul Hammelmann, President vun der Sécurité Routière am Gespréich mam Tessy Steffen Koenig.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Tessy Steffen Koenig
Lauschteren

Méi zum Thema

Stau
Réckbléck op d'Verkéierssituatioun 2017

D'Stauen um Lëtzebuerger Stroossereseau haten dëst Joer Rekordausmoossen. Wéi eng Virstéiss gouf et dëst Joer, fir den Autotrafic méi sécher ze maachen a wéi eng Mesurë si fir d'Zukunft geplangt?

Stau
Verkéier

Ponts et Chaussées analyséiere momentan, ob déi maximal erlaabte Vitesse um Autobunnsreseau während de Spëtzestonne limitéiert soll ginn. D'Zil ass méi Sécherheet a manner Stau.

Ze séier mam Auto ënnerwee
Verkéier

Ze héich Vitess soll mat Prisong bestrooft ginn. Dat fuerdert de President vun der Sécurité Routière, de Paul Hammelmann. Wien ze séier fiert, géif virsätzlech d'Liewe vun anere Mënschen op d'Spill setzen.

Programm

  • Taktlos - Waasser

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen