Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner Chômage partiel: Horesca warnt viru 6.000 Entloossungen

Hoteller a Restauranten

Manner Chômage partiel: Horesca warnt viru 6.000 Entloossungen

D'Horesca warnt virun Entloossungen an hirem Secteur: Wann d'Betriber vu Mee un manner Chômage partiel zegutt hätten, da missten d'Hoteller an d'Restauranten eng 6.000 Leit entloossen, esou den Horesca-Generalsekretär François Koepp.

auto_stories

2 min

De François Koepp plädéiert dofir, de Chômage partiell a sengem Secteur esou weider lafen ze loossen, wéi bis elo. Dat wier "déi eenzeg gescheit Léisung," esou de Generalsekretär vun der Horesca.

D'Regierung plangt de Betriber vu Mee u just nach maximal 50 Prozent vun hiren Aarbechtsstonnen iwwer de Chômage Partiel ze rembourséieren. Am Moment kënne bis zu 100 Prozent vun den Aarbechtsstonne couvréiert ginn. De François Koepp ass mat dëser Entscheedung net averstanen.

"Dat ass eng Mesure, déi mir guer net verstoe kënnen. Well aner Länner de Chômage partiel fir getraffe Secteuren, wéi eisen, automatesch scho bis Enn des Jores viru féieren. A mir fänken hei lo un ze soen, da muss der e Plan de restructuration maachen, an e Plan de maintien dans l'emploi. Mee déi Betriber wëllen dat jo net maachen, well se d'Personal jo brauchen, falls mer sollten ukommen, wann d'Impfcampagne virugeet."

Et wier "e couragéierte Schrëtt" vun der Regierung, d'Terrassen an zwou Wochen nees opzemaachen. Ganz zefridde wier hien awer net, esou de François Koepp.

"Ech hätt léiwer gehat, mir hätte moies eréischt um 10 Auer ugefaang, an dat wier da bis owes 8 Auer gaang. Zwee Leit um Dësch ass an der Rei, ech hätt mer awer véier Leit um Dësch gewënscht, well dat ass eppes, wou een da seet, ech ka besser op déi do oppassen. An mir hätten eis natierlech och gewënscht, datt d'Bannegastronomie och hätt kënnen opgoen, zemools fir déi Betriber, déi iwwerhaapt keng Terrass hunn, a keng Chance hunn dovu kënnen ze profitéieren."