Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner domm ass och nach net direkt gescheit

Nation-Branding

Manner domm ass och nach net direkt gescheit

Den Ausseminister Jean Asselborn huet dës Lescht d'Neioplag vum Nation-Branding presentéiert. Déi nei Ekipp huet verstanen, datt en eidele Slogan näischt bréngt. Mee domat ass nach net alles gewonnen, mengt d'Michèle Sinner a sengem Kommentar.

auto_stories

4 min

Déi gutt Noriicht virewech: d'Gefor, datt d'Regierung nach emol Geld ausgëtt, fir datt d'Bevëlkerung sech rout-wäiss-blo Emojien ausdenkt an domat Tattooe fir ofzewäsche mécht, ass warscheinlech gebannt.

"Keng Make-Up-Aktioun"

Well déi nei Ekipp, déi sech ëm d'Image de marque vum Land këmmert, huet versicht, sech kritesch mam Konzept vum Nation-Branding iwwerhaapt auserneen ze setzen. An déi Responsabel, d'Beryl Koltz, huet op der Pressekonferenz d'lescht Woch esouguer e gescheiten Auteur zitéiert, deen et fir iwwerlieft hält, an enger globaliséierter Welt fir e Land wéi fir e Produit Reklamm ze maachen.Déi logesch Schlussfolgerung doraus wier jo, datt ee misst mam Nation-Branding ophalen, mee esou konsequent sinn se am Ausseministère dann awer net.

Mee ëmmerhin, den zoustännege Minister Jean Asselborn huet gemengt, elo, wou de Slogan Let's make it happen an de Logo zu Lëtzebuerg bekannt wieren, misst et méi ëm Contenu goen. An d'Beryl Koltz huet affirméiert, den Nation-Branding soll keng Make-Up-Aktioun sinn.

Et brauch politesch Mesuren

Als Beispill dofir, wéi et fir wéineg Geld gutt kéint funktionéiere mat der positiver Baussenduerstellung, huet d'Beryl Koltz de Start vum gratis ëffentlechen Transport am Mäerz 2020 genannt. Do si Journalisten aus hallef Europa ugereest, fir hell ewech begeeschtert mam Mobilitéitsminister François Bausch 500 Meter Tram ze fueren.

Bëlleg ass de Gratistransport zwar net, mee ëmmerhi gouf erkannt, datt wann de Nation-Branding tatsächlech keng Kosmetik oder Publicité mensongère soll sinn, ee fir d'éischt eng reell politesch Mesure muss huelen, eng Politik maachen, fir déi iergendeen am Ausland sech kéint interesséieren.

Skepsis ass ugesot

Als prioritär Theemen, mat deene Lëtzebuerg an de nächste Jore wëllt Reklamm maachen, goufen de Kultursecteur an d'kreativ Industrien identifizéiert, d'Diversitéit, och an der Bevëlkerung an d'Integratioun, esou wéi d'Nohaltegkeet, déi, esou d'Beryl Koltz, hautzedaags an allen Domainë vun der Defense bis bei d'Finanze present wier. Do kann ee schonn e wéineg skeptesch ginn, wat déi nei Campagnen ugeet.

D'Accord, fir Nationalfeierdag gouf e flotte Video mat Extraiten aus Lëtzebuerger Filmer op de soziale Reseaue verdeelt. Mee an de Filmsecteur gëtt iwwer de Filmfong all Joer ongeféier esou vill investéiert, wéi am ëffentlechen Transport Tickete verkaf goufen ier e gratis war, also richteg vill Geld.

An deenen anere Konschtdisziplinne kann awer dovu keng Rieds sinn. An dofir kann een zu Lëtzebuerg als Kënschtler bal nëmmen iwwerliewen, wann ee vun doheem aus souwisou scho Geld huet. Net eleng, mee och dowéinst, flüchte vill vun deenen, déi sech als Kënschtler professionaliséiere wëllen, an d'Ausland. An domat well ee sech wichteg maachen?

Muss ee sech net schummen?

Wann ee sech un d'Etüd an d'Konferenz Being black in Luxembourg erënnert, bei där 70 Prozent vun de befroten Afro-Descandante soten, si wiere wéinst hirer Hautfaarf an hirer Hierkonft benodeelegt ginn, wann ee sech un d'Etüde vum Cefis iwwer d'kapverdianesch Diaspora zu Lëtzebuerg erënnert, aus där ervir goung, datt kapverdianesch Kanner bal ni an de Classique orientéiert ginn, wann ee sech un de rezente Rapport vun der Europäescher Agence fir Mënscherechter erënnert, dee beleet, datt d'Police Racial profiling mécht, obwuel de Logo vum Nation-Branding schonn op hiren Autoe pecht - kann ee sech da bretzen, mir wieren eng Terre d'accueil fir Immigranten, oder soll ee sech net éischter e bësse schummen?

A Punkto Nohaltegkeet, kéint ee mengen, et misst ee sech wierklech net mengen, als dat Land, dat den Earth Overshoot Day als zweet am Joer no Qatar ëm Vältesdag erreecht. En plus ass déi eenzeg Campagne, déi an deene leschte Jore ronn bruecht huet, fir méi sënnfräi Worthülse vu sech ginn, a méi Schaumschléier an Augenwischerei ze maachen, wéi déi vum Nation-Branding, déi vun der Luxembourg Sustainable Finance Initiative. Déi maachen elo Tweets an Instagram-Posts fir d'Acteuren op der Finanzplaz fir de Sujet vun de klimaresponsable Finanzen ze sensibiliséieren, amplaz contraignant Gesetzer.

D'Kultur wierklech héich halen

Datt manner domm nach laang net onbedéngt direkt gescheit ass, gesäit een och un engem anere Beispill, dat d'Beryl Koltz genannt huet: dem mannshéije LuXembourg-Schrëftzuch virun der Philharmonie. Fir datt deen net einfach sënnlos an der Géigend ronderëm steet an visuell polluéiert, soll deen elo technologesch mat enger Websäit verbonne ginn, wou een dann Informatiounen iwwer d'Museksoffer zu Lëtzebuerg kritt.

Ok, mee just esou als Iddi: et kéint een dee Logo, - an: Hallo, Nohaltegkeet - den décken, fetten däitschen Auto vum Philharmonie-Sponsor nieft der Haaptentrée och einfach ewech huelen. Da géifen d'Visiteure vläicht nees d'Gebai vum Architekt Christian de Portzamparc gesinn, eent vun deene wéinege mat enger staarker Identitéit hei zu Lëtzebuerg, a sech denken: Wow, déi Lëtzebuerger, déi hunn awer eng schéi Philharmonie! Déi halen d'Kultur awer héich.