E Freideg de Moien huet d'SES d'Resultater 2017 presentéiert. Wéinst engem schwierege Marché dat ganzt Joer iwwer a wéinst Problemer mat der Gesondheet vun der Satellitte-Flott wieren d'Performancë vun der SES manner gutt gewiescht, wéi virausgesot, sot den Nach-Generaldirekter Karim Michel Sabbagh.
Ähnlech huet sech de President vum SES-Verwaltungsrot Romain Bausch ausgedréckt. Et wier ee sech bewosst, datt et eng schwiereg Zäit fir den SES-Aktiecours ass. De Cours war op ënner 11 Euro gefall. D'Leeschtung verbesseren an eng kloer Kommunikatioun mam Kapital-Marché, dat wier der SES hir Strategie fir den Aktiecours ze verstäerken. "Déi Responsabel vun SES stinn hannert dësem Ziel an Dir wäert gesinn, datt et 2018 gutt Fortschrëtter wäerte ginn", seet de Romain Bausch.
"Entscheedung direkt matgedeelt"
2018 soll den Transformatiouns-Prozess bei der SES ofgeschloss ginn. Nei Wuesstumsméiglechkeete sollen identifizéiert ginn.
E Wiessel un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Satellitten-Operateur wäert et de 5. Abrëll ginn. De Generaldirekter Karim Michel Sabbagh hat viregte Méindeg seng Demissioun ugekënnegt. Säin designéierten Nofolger ass de Steve Collar. Zur Fro vum Timing vun der Kommunikatioun iwwert dës Decisioun sot de Romain Bausch, datt eng Entscheedung direkt misst matgedeelt ginn, soubal se gefall ass. Dat hätt ee gemaach.
Manner héich Dividendë fir 2017
Den SES-Verwaltungsrot proposéiert fir 2017 manner héich Dividenden: Fir eng Aktie vun der Kategorie A sollen et 80 Cent ginn a fir d'Kategorie B sollen et 32 Cent ginn.
D'Aktionäre vun der Kategorie B sinn de Lëtzebuerger Staat an déi béid Banke Spuerkeess an SNCI. Hinne gehéiert zesummen een Drëttel vun der SES. Fir si wäerten et deemno manner héich Dividendë-Recettë ginn.
D'Dividendë mussen nach vun der SES-Assemblée générale de 5. Abrëll gutt geheescht ginn.