Radioen

On air

Notturno  |  Faye Webster - But Not Kiss

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner ewéi 65% vun de Bréisseler si géint Covid-19 geimpft

Belsch

Manner ewéi 65% vun de Bréisseler si géint Covid-19 geimpft

Quasi 85 Prozent vun der belscher Bevëlkerung iwwer 18 Joer si komplett géint de Covid-19 geimpft. Allerdéngs ginn et Ënnerscheeder tëschent de Regiounen: A Flandere sinn et iwwer 90 Prozent, an der Wallonie zirka 80 Prozent, mee zu Bréissel nëmme knapps 65 Prozent. Duerfir gëtt an der belscher Haaptstad elo iwwer e sougenannte Covid Safe Ticket nogeduecht, deen den Accès op verschidden Evenementer fir geimpfte Persoune soll erlaben. Schonn den 1. Oktober soll dës Moossnam ageféiert ginn.

auto_stories

3 min

D'Haaptstad huet zënter Méint Retard op déi aner belsch Regioune wat den Impftaux ugeet. E Mësserfolleg vun der Bréisseler Regierung, dee speziell a Flandere kritiséiert gëtt. Mat engem Recordtaux vu quasi 92 Prozent ass den Norde vum Land ëmmer manner bereet, Restriktioune mat a Kaf ze huelen, déi wéinst der Situatioun zu Bréissel nach ëmmer aktiv sinn. D'Klinicke vun der Belscher Haaptstad reservéiere momentan 25 Prozent vun de Better an den Intensivstatioune fir Covid-Patienten, an d'Situatioun kéint an den nächste Méint mat dem Hierscht an dem Wanter schlëmmer ginn. Duerfir huet sech déi Bréisseler Regierung iwwerluecht, e "Covid Safe ticket" anzeféieren.

Eigentlech ass dat dee selwechte Certificat, mat deem een elo schonn eng Impfung, en negativen Test, oder eng rezent Heelung ka beweisen. Et soll just eng legal Basis geschaaft ginn, fir de Certificat bei méi klengen Evenementer, am Nuetsliewen an och villäicht an de Caféen obligatoresch ze maachen, wéi dat jo och an anere Länner de Fall ass. De Bréisseler Gesondheetsminister Alain Maron vun der Partei Ecolo ass allerdéngs nach e bësse retizent, well esou eng Mesure individuell Fräiheeten aschränkt, an domat deelweis d'Prinzippie vu senger Partei verletzt:

"Si on élargit le Covid Safe Ticket, on doit le faire dans les secteurs où cela est utile, où ça fait sens, pour maîtriser l'épidémie et retrouver des libertés. Dans certains secteurs, il va s'imposer, comme dans le monde de la nuit (le secteur est d'ailleurs demandeur). Sur l'ensemble de l'Horeca, on doit vraiment réfléchir, y compris avec les acteurs de terrain, pour que ce soit efficace et praticable, le cas échéant, et légalement sûr."

Nach e wäite Wee

An trotz der Annonce vun engem "Covid Safe ticket" ass d'Zuel vun den Impfunge pro Dag net drastesch an d'Luucht gaangen. Manner wéi 10.000 Dosen goufen déi lescht Woch gesprëtzt, dat ass nach wäit vun de 16.000 Dose pro Woch, mat deene bis Enn Oktober 70 Prozent kéinten erreecht ginn. Wann dat net de Fall ass, kéint et sinn, datt nei Restriktioune missten agefouert ginn, eng Situatioun déi speziell fir grouss Deeler vum Bréisseler Restaurantssecteur fatal keent sinn.

An och bei den dezentraliséierten Impfstatiounen, déi Ufanks vum Mount opgemaach hunn, ass de Succès net um Rendez-vous, och wann een Drëttel vun den Impfungen sech an Entreprisen oder grousse Geschäfter ofspillen. Och Apdikter a Generaliste kënne mëttlerweil d'Impfungen duerchféieren.

Flandere kéint de "pass sanitaire" obligatoresch maachen

Mee et ass wuel déi multikulturell Kompositioun vun der Bréisseler Bevëlkerung, verbonne mat enger schlechter Informatiounspolitik, déi d'Situatioun esou komplizéiert maachen.

D'Regierung vun der Haaptstad an d'Buergermeeschtere vun de 19 Gemengen hunn also decidéiert, vum 1. Oktober un mëttels en Impfzertifikat verschidden Aktivitéiten ouni Maskepflicht ze erlaben. An och wann déi aner Regiounen net betraff sinn, sou huet och do d'Iddi eng Rei Adepten. Sou kéint Flanderen d'Hollänner imitéieren, déi vum 25. September un den "pass sanitaire" fir Theater, Concert a Caféen obligatoresch maachen.