Radioen

On air

Grousse Kino  |  Suicide - Rocket USA

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner staatlech Sue fir 2019 virgesinn

Pressehëllef

Manner staatlech Sue fir 2019 virgesinn

Fir déi staatlech Pressehëllef sinn am Budgets-Projet 2019 manner Sue virgesi wéi fir d'Joer 2018. Knapp 250.000 Euro soll dës "Promotion de la presse écrite" de Staat dëst Joer manner kaschten. Firwat ass dat esou?

auto_stories

3 min

Déi staatlech Pressehëllef fir gedréckten Zeitungen an Zäitschrëften, déi et schonn zanter 1976 gëtt, geet de Moment un zéng verschidde Medien. Knapp eng Véierelsmillioun Euro manner sinn dëst Joer fir d'Pressehëllef virgesinn, am Verglach mam Joer 2018.

De Grond dofir wier, datt ee fir dëst Joer vun enger manner héijer Säitenzuel vun den Zeitungen an Zäitschrëften ausgeet, wéi fir 2018, heescht et als Erklärung vun der zoustänneger Direktioun am Staatsministère. D'Säitenzuel géif zanter e puer Joer zeréckgoen. D'Previsioun fir 2019 baséiert op engem Total vun 42.300 subventionéierte redaktionnelle Säiten an enger Zomm vun 138 Euro pro Säit. Dobäi kënnt déi sougenannte "part fondamentale" vun der Pressehëllef.

Am ganze sti fir dëst Joer bal 7,5 Milliounen Euro staatlech Sue fir dëse System zur Verfügung. Fir 2018 waren et bal 7,7 Milliounen, déi am Budget stoungen. Ausbezuelt goufen d'lescht Joer allerdéngs nëmme knapp 7,1 Milliounen Euro.

Upassunge weider méiglech

D'Zommen am Budget wieren ëmmer nëmme Previsiounen, esou d'Explikatioun vum Ministère. Den definitive Betrag wéisst een all Kéier eréischt nom Ofschloss vum Joer.

D'Zomm vun der Pressehëllef gëtt reegelméisseg un den Index an un de Präis vum Pabeier ugepasst. De Staatsministère orientéiert sech fir dëst Joer u 495 Euro fir eng Tonn Pabeier. Dowéinst wiere fir déi nächst dräi Joer all Kéier méi Sue fir d'Pressehëllef virgesinn. Am Total sinn et tëschent aacht an 8,2 Milliounen Euro pro Joer am Zäitraum 2020 bis 2022.

Medien, déi aktuell Pressehëllef kréien

Entwécklung vun der Onlinehëllef

13 Online-Medien hei am Land kréien an Tëschenzäit eng staatlech Hëllef vun all Kéier 100.000 Euro: Dës Zort vu finanzieller Ënnerstëtzung gëtt et eréischt zanter 2017. Fir déi nei Online-Pressehëllef stinn dem Budgetsprojet 2019 no 1,3 Milliounen Euro zur Verfügung. Déi 13 Online-Medien hunn d'lescht Joer een Total vu knapp 1,1 Milliounen Euro kritt. Am Budget 2018 waren allerdéngs nëmme 600.000 Euro fir d'Online-Pressehëllef virgesinn.

Previsioun 2022: 10 Millioune fir RTL an 10 Millioune fir de Rescht vun der Press

Addéiert een d'Previsioune fir Pressehëllef fir d'Print- a fir d'Online-Medie fir d'Joer 2022, da kënnt een Total vun 9,8 Milliounen Euro eraus. Dem Staatsministère no géif et keng Relatioun mat der Zomm vun zéng Milliounen Euro ginn, déi fir d'Joer 2022 als staatlech Contributioun fir den Televisiouns-Service-Public fir CLT-UFA - eng Duechtergesellschaft vun RTL Group - virgesi sinn.

Aarbechten u Reform vu Pressehëllef lafen

Un der geplangter Reform vun der Pressehëllef géif de Moment geschafft ginn, esou d'Direction Médias, audiovisuel et société de l'information aus dem Staatsministère. De System soll an Zukunft ënner anerem u Qualitéitskrittäre gebonne ginn, steet am Koalitiounsaccord vun DP, LSAP an déi gréng.


De Panorama-Bäitag vum Serge Kesseler:

Lauschterenplay_arrow