Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Manner testen ass keng Optioun"

Corona-Pandemie

"Manner testen ass keng Optioun"

An der Woch vum 7.-12. Juli goufen et 402 Neiinfektiounen. Een Drëttel dovunner stamen aus de Large scale Tester, seet d'Paulette Lenert. D'Tester wiere kee Selbstzweck, mee fir d'Bevëlkerung ze schützen.

auto_stories

5 min

"Et war virauszegesinn", seet de Xavier Bettel zu der héijer Zuel un Neiinfektiounen. D'Zil wier et nach ëmmer de Gesondheetssecteur ze schützen. "Dofir ass manner Teste keng Optioun."

D'Cellule de crise vum Gesondheetsministère wier dofir re-aktivéiert sinn, deelt de Xavier Bettel mat.

A Kontakt mat den Nopeschlänner

Et wier een a Kontakt mat de Regierunge vun den Nopeschlänner, fir d'Situatioun vu Lëtzebuerg ze erklären, seet de Xavier Bettel. De Staatsminister wëllt och um EU-Sommet dëse Weekend dee Punkt uschwätzen. Et sollt ee kee Land bestrofen, dat vill test.

D'Informatiounen aus Däitschland wiere kontradiktoresch, seet de Xavier Bettel. De momentane Stand wier awer, datt Ausflich an Däitschland net méi méiglech wieren. Et géifen eng Rëtsch Ausname ginn, wéi zum Beispill fir Frontalieren.

Momentan wier Lëtzebuerg net op enger rouder Lëscht an der Belsch, seet de Xavier Bettel. Aktuell géif an der Belsch nach iwwer Mesuren diskutéiert ginn, den Owend soll et do e Resultat ginn.

Keng nei Annoncen

De Premier wëllt keng nei Annoncë maachen, Wëssenschaftler bräichten nach Zäit, fir all d'Donnéeën ze ënnersichen. En Donneschdeg soll an der Chamber iwwer dat neit Covid19-Gesetz ofgestëmmt ginn. De Xavier Bettel erënnert drun, datt déi verschidde Sécherheetsmesuren anzehalen.

Sollten d'Zuele weider klammen, soll e Sonndeg de Regierungsrot zesummekommen. Am neie Covid19-Gesetz wiere schonn éischt Mesurë festgehalen, mee e Sonndeg géife sécher keng Lockerunge kommen, seet de Premier Xavier Bettel.

"Mir dierfen d'Gesondheet vun der Populatioun net op d'Spill setzen"

D'Regierung wëllt weider drun halen, fir sou vill ze testen. Et wier keng Optioun fir manner ze testen, just fir besser Zuelen ze kréien. D'Zuele géife just weisen, wat wierklech am Land lass ass. D'Teste wieren also do, fir d'Bevëlkerung ze schützen.

De Xavier Bettel reagéiert op d'Polemik vun der Oppositioun, datt net transparent genuch kommunizéiert gëtt: et misst een d'Donnéeën als éischt richteg auswäerten, ier een effektiv kommunizéiert.

D'Paulette Lenert erkläert sech déi héich Zuele vun Neiinfektiounen och duerch eng méi breetgefächert Test-Strategie. Aner Länner hätten eng méi héich Donkelziffer, mee duerch de Large scale Testing hätt een e gudden Iwwerbléck iwwer d'Situatioun zu Lëtzebuerg. Et misst een dofir weider fuere mam breeden Testen.

Testresultater vu Residente weiderginn

Déi Länner, déi vill testen, hätten en niddregen Taux de mortalité, ënnersträicht d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. Bei den Tester géif keen Ënnerscheed gemaach ginn tëschent Residenten a Frontalieren, dat wier op EU-Niveau esou virginn.

D'Robert-Koch Institut (RKI) géif fir hir Recommandatiounen op dësen Zuele baséieren. D'Regierung hätt elo decidéiert fir just d'Testresultater vun de Residenten ze iwwermëttelen.

Ënnerscheed tëschent Large scale an normalen Tester

66 Prozent vun den Tester wiere Large scale Tester, seet d'Paulette Lenert. 15 Prozent vun all de positive Fäll géifen am Large scale Testing festgestallt ginn. 85 Prozent vun de positive Fäll géif awer vu Leit kommen, déi dat vum Dokter verschriwwe kruten. Dat géif d'Realitéit net verzerren, esou d'Gesondheetsministerin.

An der Woch vum 7.-12. Juli goufen et 402 nei Infektiounen, siwen dovunner an Altersheemer. 62 Prozent vun dëse positive Fäll kommen aus normalen Tester, 38 Prozent aus de Large scale Tester. 41 Prozent vun dëse positive Fäll ware schonn a Quarantän, seet d'Paulette Lenert. "Et gesäit een, datt de System ufänkt ze gräifen."

D'Altersmoyenne géif bei 35 Joer leien, preziséiert d'Paulette Lenert. Et géif bei deene Leit e méi klenge Risiko gi fir an d'Spidol ze mussen. Allerdéngs hätte jonk Leit méi Kontakt. D'Grenz vun 2.000 Kontakter wiere beim Tracing iwwerschratt ginn.

Tracing: vill Aarbecht

Duerch déi vill Kontakter hätt ee bei der Inspection sanitaire vill beschäftegt gewiescht. Déi verschidde Kontakter géife vun der Santé ugeruff kréien. Gëschter wier ee mat der Aarbecht bäi gewiescht, esou d'Paulette Lenert. Ee Labo konnt de Weekend aus personelle Grënn net schaffen.

"Den analogen Tracing kann net ersat ginn", seet de Xavier Bettel. Eng Tracing-App wier kee Wonnermëttel, ënnersträicht de Premier, wëllt awer net ausschléissen, datt eng Kéier eng App géif kommen. Et wier een a Kontakt mam Robert Koch Institut fir ze kucken, ob een déi däitsch App och zu Lëtzebuerg kéint benotzen.

All Infizéierten hätt seng eege Story, d'Zuel vun den Neiinfektioune wier also net onbedéngt de Krittär fir ze soen, wéini de manuellen Tracing net méi assuréiert ka ginn.

Keng nei Clusteren, private Kontakt nach ëmmer de Problem

Et géifen e puer Betriber mat méi wéi fënnef Fäll ginn, mee et géife keng grouss Clusteren, esou d'Paulette Lenert. De perséinleche Kontakt wier nach ëmmer den Haaptgrond fir d'Verbreede vum Virus. D'Distanzreegele géifen net ëmmer richteg verstane ginn, dofir misst ee reegelméisseg dorunner erënneren, esou d'Gesondheetsministerin. Jiddweree soll sech opschreiwen, mat wiem een a Kontakt war, esou datt den Tracing besser gemaach ka ginn.

Et géif fënnef Fäll vu Colocatioune ginn, wou Leit sech infizéiert hunn. D'Regierung wëllt mat der ITM kucken, wéi een do kontrolléiere kann.

Och Caféen a Restaurante gi kontrolléiert. Et wier véier Fäll ginn, déi eng éischte Kéier concernéiert waren an do wiere 4.000 Euro Strof fälleg gewiescht. A sechs Fäll wier et esouguer eng Strof vun 8.000 Euro ginn, well et net den éischte Verstouss war.

40.000 Invitatioune fir Large scale Testing

Leit am Gesondheetssecteur géife fir de Large scale Testing invitéiert ginn, eng 40.000 Leit si betraff. Och um Findel géifen et nach Teststatioune ginn. D'Paulette Lenert rifft d'Leit dozou op, am Large scale Testing deel ze huelen.

Et géif momentan e Rush op d'Doktere gi fir en Test verschriwwen ze kréien. D'Paulette Lenert ënnersträicht, datt ee sech net soll teste loossen, wann een op Tréier akafe wëllt goen. Prioritär wieren déi Leit, déi op d'mannst liicht Symptomer hunn. Wie krank ass soll sengem Dokter uruffe fir weider Schrëtt ofzeklären.